Januar">4. Januar 1917 zu St. Joseph am Missouri a gestuerwen den 10. September 2007 zu Palm Springs, war eng US-amerikanesch Schauspillerin .
D'Jane Wyman am Virspill vu "Stage Fright" vum Alfred Hitchcock Si huet hir Filmcarrière 1932 ugefaangen. Tëscht 1940 an 1948 war si mam Schauspiller a spéideren US-President Ronald Reagan bestuet. Aus deem Bestietnes hate si ee Meedchen, d'Maureen (1941-2001), déi och Schauspillerin a Sängerin war.
D'Jane Wyman war am Ganze fënnefmol bestuet, dovun zweemol mat dem Fred Karger.
Wéi si am Ufank zu Hollywood war krut si nëmme kleng Rollen a Filmer. Fir sech iwwer Waasser ze hale huet se Manicure gemaach an als Standardistin geschafft. A Radiosshowe huet si ënner dem Numm Jane Durell gesongen.
Den Duerchbroch als grouss Schauspillerin koum mam Film The Lost Weekend vum Billy Wilder am Joer 1945 . En Oscar huet si sech am Film Johnny Bellinda vum Jean Negulesco verdéngt. Si hat soss nach Engagementer a Filmer vum Frank Capra , Raoul Walsh , Alfred Hitchcock an Douglas Sirk .
Zum Schluss vun hirer Carrière huet si an der Televisiounsserie Falcon Crest gespillt.
Filmographie
Kino (Auswiel) The Kid from Spain (1932), vum Leo McCarey Elmer, the Great (1933), vum Mervyn LeRoy All the King's Horses (1934), vum Frank Tuttle College Rhythm (1934), vum Norman Taurog King of Burlesque (1935), vum Sidney Lanfield Rumba (1935), vum Marion Gering George White's 1935 Scandals (1935), vum George White Stolen Harmony (1935), vum Alfred L. Werker Anything Goes (1936), vum Lewis Milestone My Man Godfrey (1936), vum Gregory La Cava Stage Struck (1936), vum Busby Berkeley Cain and Mabel (1936), vum Lloyd Bacon Here Comes Carter (1936), vum William Clemens Polo Joe (1936), vum William C. McGann Gold Diggers of 1937 (1936), vum Lloyd Bacon Smart Blonde (1937), vum Frank McDonald Ready, Willing and Able (1937), vum Ray Enright The King and the Chorus Girl (1937), vum Mervyn LeRoy Slim (1937), vum Ray Enright The Singing Marine (1937), vum Ray Enright Public Wedding (1937), vum Nick Grinde Mr. Dodd Takes the Air (1937) Over the Goal (1937), vum Alfred E. Green The Spy Ring (1938), vum Joseph H. Lewis He Couldn't Say No (1938), vum Lewis Seiler Wide Open Faces (1938), vum Kurt Neumann The Crowd Roars (1938), vum Richard Thorpe Brother Rat (1938), vum William Keighley Tail Spin (1939), vum Roy Del Ruth The Kid from Kokomo (1939), vum Lewis Seiler Torchy Blane... Playing with Dynamite (1939), vum Noel M. Smith Kid Nightingale (1939), vum George Amy Private Detective (1939), vum Noel M. Smith Brother Rat and a Baby (1940), vum Ray Enright An Angel from Texas (1940), vum Ray Enright Flight Angels (1940), vum Lewis Seiler My Love Came Back (1940), vum Curtis Bernhardt Gambling on the High Seas (1940), vum George Amy Tugboat Annie Sails Again (1940), vum Lewis Seiler Honeymoon for Three (1941), vum Lloyd Bacon Bad Men of Missouri (1941), vum Ray Enright You're in the Army Now (1941), vum Lewis Seiler The Body Disappears (1941), vum D. Ross Lederman Larceny, Inc. (1942), vum Lloyd Bacon My Favorite Spy (1942), vum Tay Garnett Footlight Serenade (1942), vum Gregory Ratoff Princess O'Rourke (1943), vum Norman Krasna Make Your Own Bed (1944), vum Peter Godfrey The Doughgirls (1944), vum James V. Kern Crime by Night (1944), vum William Clemens Hollywood Canteen (1944), vum Delmer Daves The Lost Weekend (1945), vum Billy Wilder One More Tomorrow (1946), vum Peter Godfrey Night and Day (1946), vum Michael Curtiz The Yearling (1946), vum Clarence Brown Cheyenne (1947), vum Raoul Walsh Magic Town (1947), vum William A. Wellman Johnny Belinda (1948), vum Jean Negulesco A Kiss in the Dark (1949), vum Delmer Daves The Lady Takes a Sailor (1949), vum Michael Curtiz Stage Fright (1950), vum Alfred Hitchcock The Glass Menagerie (1950), vum Irving Rapper Three Guys Named Mike (1951), vum Charles Walters Here Comes the Groom (1951), vum Frank Capra The Blue Veil (1951), vum Curtis Bernhardt Starlift (1951), vum Roy Del Ruth The Story of Will Rogers (1952), vum Michael Curtiz Just for You (1952), vum Elliott Nugent Let's Do It Again (1953), vum Alexander Hall So Big (1953), vum Robert Wise Magnificent Obsession (1954), vum Douglas Sirk Lucy Gallant (1955), vum Robert Parrish All That Heaven Allows (1955), vum Douglas Sirk Miracle in the Rain (1956), vum Rudolph Maté Holiday for Lovers (1959), vum Henry Levin Pollyanna (1960), vum David Swift Bon Voyage! (1962), vum James Neilson How to Commit Marriage (1969), vum Norman Panama Um Spaweck
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Jane Wyman , which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0") ; additional terms may apply (view authors ). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses. ®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.