D'Dorothy Malone, gebuer als Dorothy Eloise Maloney den 30.
Januar">30. Januar 1925 zu Chicagoa gestuerwen den 19. Januar 2018 zu Dallas, war eng US-amerikanesch Schauspillerin.
Dorothy Malone | |
---|---|
Gebuer | 30. Januar 1924 Chicago |
Gestuerwen | 19. Januar 2018 Dallas |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Schauspiller, Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller |
Famill | |
Bestuet mat | Jacques Bergerac |
Zu hire bedeitende Filmer zielt am Joer 1955 den Anti-Krichsfilm Battle Cry vum Raoul Walsh mat dem Van Heflin an dem Aldo Ray an den Haaptrollen. Ënner der Regie vum Douglas Sirk huet si awer hir wichtegst Filmrolle gespillt, sou 1956 am Familljendrama Written on the Wind mam Rock Hudson an der Lauren Bacall an dann 1958 am dramatesche Film The Tarnished Angels mam Rock Hudson a Robert Stack, dee sech am Milieu vu Fluchakrobaten ofspillt.
D'Dorothy Malone huet a méi wéi 100 TV- a Kinosfilmer matgespillt.
Commons: Dorothy Malone – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Dorothy Malone, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.