D'Deborah Jane Kerr-Trimmer,(CBE), gebuer den 30.
September">30. September 1921 zu Helensburgh, Schottland, a gestuerwen de 16. Oktober 2007 an der Grofschaft Suffolk, war eng schottesch Schauspillerin.
Deborah Kerr | |
---|---|
Portrait vun 1973 | |
Gebuertsnumm | Deborah Jane Kerr-Trimmer |
Gebuer | 30. September 1921 |
Gestuerwen | 16. Oktober 2007 Suffolk |
Doudesursaach | Parkinson-Krankheet |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Aktivitéit | Filmschauspiller, Schauspiller, Ballettdänzer, Theaterschauspiller |
Famill | |
Bestuet mat | Peter Viertel |
D'Deborah Kerr huet als jonkt Meedche Ballet geléiert. Geschwë kritt se Kontakt mam Theater, wou se Ufanks Niewerollen a Shakespearestécker gespillt huet. 1940 hat se hir éischt Roll an engem Film, nämlech eng Nieweroll a Contraband vum Michael Powell an Emeric Pressburger. Hir éischt Haaptroll hat se a Major Barbara vun 1941. An de Joren duerno gouf se déi beléiftste brittesch Schauspillerin. Hollywood huet dat matkritt, a sou krut se e Contract bei der MGM. Hiren éischte Film an Amerika war The Hucksters (1947) wou se nieft dem Clark Gable d'Haaptroll hat. Rollen a Filmer wéi Quo Vadis oder From Here to Eternity (mam Burt Lancaster) hu se bekannt gemaach. Dacks huet se eng moudesch gekleete jonk Damm gespillt. Dee populäerste Film vun hirer Carrière war The King and I.
1969 huet si hirer Filmcarrière en Enn gesat, ass awer nach an Televisiounsproduktiounen an Theaterstécker opgetrueden.
Commons: Deborah Kerr – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Deborah Kerr, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.