De Josy Simon, gebuer de 25.
Mäerz">25. Mäerz 1933, ass e lëtzebuergesche Leeschtungssportler a fréieren Deputéierten (DP an zanter 1991 ADR). Hien ass besonnesch bekannt duerch seng Erfolleger als Leeschtungssportler am Goen.
Josy Simon | |
---|---|
Gebuer | 25. Mäerz 1933 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Liichtathleet |
Partei | Demokratesch Partei, ADR |
Berufflech war hien ë. a. Sécherheetschef bei der CLT-UFA. Zanter 2011 wunnt hien am Salzkammergut an ass am Veräin LG St. Wolfgang aktiv. 2017 huet hie vum Goen op d'Lafen ëmdisponéiert.
Uganks vun den 2020er Joren ass hien ëmmer nach als Sportler aktiv: 2021 huet hien de Weltrekord a senger Alterskategorie (dunn 88 Joer) bei de Bieler Lauftage (Schwäiz), op enger Streck vun 100 Kilometer, a 17:34.39 Stonnen, gebrach.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Josy Simon, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.