Den Henri (Jean) Kraus, gebuer den 9.
Februar">9. Februar 1943 zu Hollerech a gestuerwen den 9. Februar 2024, war e lëtzebuergesche Moler, Zeechner a Konschterzéier.
Henri Kraus | |
---|---|
Gebuer | 9. Februar 1943 Hollerech |
Gestuerwen | 9. Februar 2024 Belair |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Moler |
Member vun | Cercle artistique de Luxembourg |
No sengem Secondaire am Stater Kolléisch huet hien zu Nanzeg op der École nationale des beaux-arts et des arts appliqués Konscht studéiert.
Fir déi monumental bronze Skulptur vun der Nina Grach-Jascinsky virum Kolléisch, déi Datzemisch vun der Schoulkommunautéit genannt gëtt, stoung den Henri Kraus Modell.
1975 huet hien de Prix Grand-Duc Adolphe kritt an 1977 de Premier prix de la peinture op der Biennale des Jeunes zu Esch-Uelzecht.
Hie war Member vum Cercle artistique de Luxembourg.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Henri Kraus, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.