Den Horizont (griich.
Déi vum Horizont opgespaante Fläch ass d'Horizontfläch, si steet rechtwénkleg zu der Zenitrichtung.
Genee gekuckt gëtt et e puer Bedeitungen, déi sech all duerch ënnerschiddlech Siichtwäiten a visuell Distanzen zum Horizont ënnerscheeden:
Horizontfläch ass d'Fläch vum geometreschen Horizont. D'Vertikal op dëser Fläch schneit d'Himmelssphär an Zenit an Nadir.
D'Kimm ass déi op oppenem Mier visuell Grenzlinn tëscht Waasser an Himmel. Op si bezéie sech d'Miessunge vun Héichtewénkelen z. B. mat engem Sextant.
Den Horizont am mathematesche Sënn ass e Grousskrees, deen d'Sphär oder Himmelskugel an zwou gläich Hallschenten deelt.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Horizont, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.