Three Shake-a-leg Steps to Heaven ass e lëtzebuergesch-belsch-däitsche Spillfilm vum Andy Bausch aus dem Joer 1993.
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Lëtzebuerg Belsch Däitschland |
Produktiounsjoer | 90 min |
Première | 1993 |
Originalsprooch | Lëtzebuergesch |
Ekipp | |
Regie | Andy Bausch |
Dréibuch | Andy Bausch |
Fotografie | Klaus Peter Weber |
Musek | Gast Waltzing |
Schnëtt | Christel Maye |
Produzent | Jani Thiltges |
Produktiouns- gesellschaft | Samsa Film Films Dérives Production Von Richthofen & Steger Filmproduktion |
Schauspiller | |
Udo Kier: Edouard Müllendorf Désirée Nosbusch: Lisa Rosenstiel Ritchie Müller: Yuri Komorowsky Thierry van Werveke: Jängi Jacoby Eddie Constantine: Don Fabrizzi Jochen Senf: Honoré Regenwetter Josiane Peiffer: Gertrude Müllendorf Serge Wolff: Pimp Benno Christian Kmiotek: Dino Fernand Fox: Neckel Meisendorf Marie-Christine Faber: Madame Triny Jürgen Vogel: Maurizzio Amurri André Jung: Max Van Hulle Jaoued Deggouj: Killer | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
En drëttklassegen Elvis-Imitateur an e russeschen Danz-Enseignant retten e Banquier virun der Mafia, vun där en ëmbruecht sollt ginn. Si doe sech zesumme mat engem Callgirl, dat sech gutt an Astrologie auskennt...
Den Eddie Constantine spillt hei seng lescht Roll. Hien ass kuerz duerno gestuerwen.
De Film gouf am Ganze vu 5.104 Leit am Kino gesinn.
En hat e Budget vu 40 Millioune Lëtzebuerger Frang a krut 1990 e Produktiounssubside vum neie Lëtzebuerger Filmfong an Héicht vun 9.778.000 Lëtzebuerger Frang. 1993 koum nach e Subside als "Aide à la distribution et à la diffusion" vun enger Millioun dobäi. Donieft krut Samsa Film 1992 och nach en europäesche Produktiounssubside vun Eurimages an enger Héicht vun 800.000 franséische Frang.
De Film gouf den 28. Februar 1998 op der lëtzebuergescher Televisioun gewisen.
Saarbrücker Zeitung:
Bausch ist neben Detlev Buck zur Zeit der einzige Filmemacher im deutschsprachigen Bereich, der witzige Komödien drehen kann. 'Three steps' ist eine aberwitzige schwarze Komödie mit menschenfressenden Piranhas, falschen Leichen und einem selbstmörderischen Weihnachtsmann.
France Clarinval, paperjam.lu, 2015:
Plutôt kitsch dans ses couleurs et ses scènes chantées et dansées, ce Three shake-a-leg steps to heaven est constitué de saynètes plus ou moins bien articulées tantôt frôlant l'absurde, tantôt plutôt ennuyeuses.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Three Shake-a-leg Steps to Heaven, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.