Déi zwéi vum Bierg ass e Lëtzebuerger Film vum Menn Bodson, Marc Olinger a Gast Rollinger aus dem Joer 1985.
De Film spillt an der Zäit vum Zweete Weltkrich a stellt dat dagdeeglecht Liewe wärend der däitscher Occupatioun duer. De Mikrokosmos vum Duerf (dat ouni Numm bleift) steet dobäi exemplaresch fir déi verschidde Schicksaler, déi d'Land huet missen erleiden.
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Lëtzebuerg |
Première | 27. Januar 1985 |
Dauer | 160 min |
Originalsprooch | Lëtzebuergesch an Däitsch |
Ekipp | |
Regie | Menn Bodson Marc Olinger Gaston Rollinger |
Dréibuch | Henri Losch |
Fotografie | Gaston Rollinger |
Musek | Gasty Meyer |
Schnëtt | Jos Rossler |
Produktiouns- gesellschaft | RTL Télé Lëtzebuerg |
Schauspiller | |
Christian Kmiotek als Mill Fernand Mathes als Välten Vicky Ternes-Weydert als Deckesch Josette, dem Välten, seng Fra Marie-Paule von Roesgen als Schréidesch Tréis Fernand Fox als Jemp Zimmer Marie-Christine Faber als Zimmesch Gréit, dem Jemp seng Fra Pia Peschon als Schréidesch Renée Jean Clerf als Réidengs Néckel Henri Losch als Paschtouer Marc Olinger als Schmadds Fränz Aly Bintz als Deckesch Dëmm Juliette François als Deckesch Rous Charles Muller als Deckesch Pitt Paul Greisch als Schoulmeeschter Steve Karier als Kontesch Ern Ed Maroldt als Samuel, de Judd Philippe Noesen als Passeur Jempi Seil als Bauer um Jéigenhaff Jängi Duhr als Giischtjen Änder Jung als 1. Gestapo Josy Braun als 2. Gestapo Conny Scheel als 1. Feldgendarem Patrick Hastert als 2. Feldgendarem Maurice Molitor als NS-Zaldot Emile Duhr Claude Schmit Christiane Schlechter Hartmut Schroeter Anne Weyer Fernand Lipski Ger Schlechter Roland Gaul Robert Sibenaler Camille Olinger Club des Jeunes Iewerleng Fanfare Iewerleng Gesankveräin Uewerpallen Club des Jeunes Useldeng | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Zwéi gutt Kolleegen, de Mill an de Välten, hu sech versprach ëmmer fireneen do ze sinn. Wéi dat wärend der däitscher Occupatioun war, hunn e puer Leit, déi op der Nazisäit stoungen, probéiert de Leit am Duerf d'Liewe schwéier ze maachen an hu vun all Geleeënheet profitéiert fir bei der Gestapo Meldung ze maachen. Dem Välten seng Famill gouf op sou eng Manéier verschleeft...
Déi zwéi vum Bierg gouf am Optrag vum Fernseesender RTL produzéiert, wou en a sechs 30 bis 40 Minutte laangen Episoden am Programm vun der Televisiounsemissioun Hei elei, kuck elei gelaf. Spéider gouf en och an enger gekierzter Versioun am Kino gewise ginn. Et ass ee vun den éischte lëtzebuergesche Spillfilmer.
De Centre national de l'audiovisuel huet de Film 2001 op Videokassett erausginn, déi eleng an der Chrëschtdagszäit vun deem Joer iwwer 700 Mol verkaaft gouf. 2002 goufen nach eng Kéier 491 Kopien an 2003 nach weider 100 Kopië verkaaft.,
2011 ass do dunn och eng DVD Versioun erauskomm.
Am Dréibuch heescht de Film Di zwéi vum Bierg an op dem Filmplakat Déi zwee vum Bierg.
Zwéin Häff zu Iewerleng, déi am Film als Set gedéngt hunn
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Déi zwéi vum Bierg, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.