De Soziale Mindestloun ass en Instrument dat dem Legislateur erméiglecht, d'Verdeelung vum nationale Revenu ze steieren.
De Code du Travail zu Lëtzebuerg seet am Artikel L.222-1, datt all Salarié, deen eng normal physesch an intellectuell Aptitude huet, ouni Ënnerscheed zum Geschlecht, Recht op de soziale Mindestloun huet. Den Niveau vun deem Loun gëtt duerch Gesetz sou festgeluecht, datt en dem Salarié erlaabt un der ekonomescher Entwécklung vum Land deelzehuelen.
Fir de soziale Mindestloun festzeleeën, ginn zwéin Haaptkrittären a Betruecht gezunn, an zwar den Alter vum Beschäftegten a seng Qualifikatioun.
De Soziale Mindestloun déngt am Sozialsystem och dacks als Basis fir d'Berechnung vun anere finanzielle Leeschtungen oder Obligatiounen, wéi z. B. Festleeë vu Mindest- a Maximalcotisatioune fir Krankekeesen, Unfallrenten asw.
Index 702,29 | % | Stonneloun € | Loun Index 100 € | Am Mount € |
15 bis 17 Joer | 75 % | 7,2952 | 179,7075 | 1262,07 |
17 bis 18 Joer | 80 % | 7,7816 | 191,6880 | 1346,21 |
Iwwer 18 Joer net qualifizéiert | 100 % | 9,7269 | 239,6100 | 1682,76 |
Iwwer 18 Joer qualifizéiert | 120 % | 11,6726 | 287,5320 | 2019,31 |
Index 685,17 | % | Stonneloun € | Loun Index 100 € | Am Mount € |
15 bis 17 Joer | 75 % | 7,1173 | 179,7075 | 1231,30 |
17 bis 18 Joer | 80 % | 7,5918 | 191,6880 | 1313,39 |
Iwwer 18 Joer net qualifizéiert | 100 % | 9,4898 | 239,6100 | 1641,74 |
Iwwer 18 Joer qualifizéiert | 120 % | 11,3878 | 287,5320 | 1970,08 |
Index 685,17 | % | Stonneloun € | Loun Index 100 € | Am Mount € |
15 bis 17 Joer | 75 % | 6,9777 | 176,1825 | 1.207,15 |
17 bis 18 Joer | 80 % | 7,4429 | 187,9280 | 1.287,63 |
Iwwer 18 Joer net qualifizéiert | 100 % | 9,3036 | 234,9100 | 1609,53 |
Iwwer 18 Joer qualifizéiert | 120 % | 11, 1644 | 281,8920 | 1.931,44 |
Commons: Minimum wage – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Soziale Mindestloun, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.