D'Martine Hansen, gebuer den 10.
Dezember">10. Dezember 1965 zu Wolz, ass eng lëtzebuergesch Politikerin (CSV). Si ass zanter dem 17. November 2023 Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau an der Regierung Frieden-Bettel.
Martine Hansen | |
---|---|
Gebuer | 10. Dezember 1965 Wolz |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Universitéit Hohenheim |
Aktivitéit | Politiker, Agronom, Lycéesprofesser |
Partei | CSV |
No hirer Première am Dikrecher Lycée huet d'Martine Hansen op der Universitéit Stuttgart-Hohenheim Agronomie studéiert, mat Spezialisatioun op d'sozial- a wirtschaftswëssenschaftlech Aspekter vun der Landwirtschaft. Vun 2005 un huet si iwwer en zweejärege Fernstudium e Master an der Gestioun vu Schoulen op der Universitéit Kaiserslautern gemaach. Als Masteraarbecht huet si e Schoulentwécklungsplang fir Ettelbréck gemaach.
D'Martine Hansen war vun 1993-2006 Professesch an der Akerbauschoul. Vun 2006 bis zu hirer Ernennung als Ministesch, 2013, war si Direktesch vun där Schoul.
Den 30. Abrëll 2013 gouf si als nei Ministesch an der Regierung Juncker-Asselborn II vereedegt, zoustänneg fir d'Recherche an d'Héichschoul. Si huet d'Marie-Josée Jacobs ersat, déi demissionéiert hat, an en Deel vun den Dossiere vum François Biltgen iwwerholl, deen och als Minister opgehalen hat. Déi Regierung gouf am Dezember 2013 derch d'Regierung Bettel-Schneider ofgeléist.
Bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 gouf si an d'Chamber gewielt a bei deene vum 14. Oktober 2018 an deene vum 8. Oktober 2023 erëmgewielt.
Si war vu Februar 2014 bis Januar 2019 Co-Vizepresidentin vun der CSV.
Vun Dezember 2018 bis November 2023 war si Fraktiounschefin vun der CSV an der Chamber.
Zanter dem 17. November 2023, ass si an der Regierung Frieden-Bettel Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau.
Commons: Martine Hansen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Martine Hansen, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.