Opgepasst: Dësen Artikel geet iwwer de Kontinent Afrika.
Dëse Geographiesartikel iwwer Afrika ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Fir d'antik réimesch Provënz, kuckt wgl. den Artikel Africa.
Afrika ass deen zweetgréisste Kontinent. En ass dräimol méi grouss wéi Europa an huet eng Fläch vu 30,3 Millioune km2.
Am Weste vun Afrika läit den Atlantik, am Osten den Indeschen Ozean an d'Rout Mier an am Norden d'Mëttelmier. D'Küstelängt huet 30.490 km.
Haut gëllt et als geséchert datt den Urspronk vun der Mënschheet an Afrika läit.
675 Milliounen Awunner maachen 13 % vun der ganzer Weltbevëlkerung aus.
Et gëtt iwwer 1000 eegestänneg Sproochen an Afrika, dovu ginn déi 50 gréisser vu jeeweils iwwer enger Millioun Leit geschwat.
Déi wichtegst Sproochen, no Sproochfamillen agedeelt, sinn:
Den afrikanesche Kontinent ass dee mat deene meeschte gescheiterte Staaten. Et gëtt nach ëmmer vill Länner, wou Mënscherechter oder Demokratie kleng geschriwwe ginn.
Zanter der Grënnung vun der Afrikanescher Union (AU) besteet d'Hoffnung datt dës Problemer geléist kënne ginn.
|
|
Commons: Afrika – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Afrika, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.