D'Demokratesch Arabesch Republik Sahara (gekierzt DARS, Spuenesch República Árabe Saharaui Democrática, RAD) gouf am Laf vum Westsaharakonflikt 1976 vun der Frente Polisario ausgeruff. D'Republik gouf vun der Bevëlkerung vun de Sahrauis an de Regioune Saguía el-Hamra a Río de Oro gegrënnt. De Maroc revendiquéiert dat ganzt Gebitt awer och fir sech.
Demokratesch Arabesch Republik Sahara (DARS) | |||||
| |||||
National Devise: Libertad, Democracia, Unidad (es) (Fräiheet, Demokratie, Eenheet) | |||||
Offiziell Sprooch: | Arabesch, Spuenesch | ||||
• Koordinaten: | 24° 13’ 1’’ S 12° 59’ 35’’ W | ||||
Staatsform: | Staat mat limitéierter Unerkennung | ||||
Fläch: | 266.000 km² | ||||
Bevëlkerung: | 607.292 | ||||
Zäitzon: | UTC ±0 | ||||
Internet TLD: | .eh | ||||
Internationalen Telefonsprefix: | +212 | ||||
rout: ëstlechen Deel vun der Westsahara (DARS); rout gesträift: westlechen Deel vun der Westsahara (de-facto: Maroc); gro gesträift: Maroc |
D'DARS gëtt vu ronn 50 Staaten grad wéi vun der Afrikanescher Unioun (AU) unerkannt, huet awer kee Sëtz bei de Vereenten Natiounen. D'Regierung vun der DARS kontrolléiert aktuell just en Drëttel vum Gebitt, revendiquéiert awer de ganzen Territoire vun der Westsahara. Zousätzlech kontrolléiert se awer nach véier Flüchtlingslageren an der Ëmgéigend vun der algerescher Stad Tindūf.
Commons: Demokratesch Arabesch Republik Sahara – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Demokratesch Arabesch Republik Sahara, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.