Metabolismus

De Metabolismus oder Stoffwiessel bezeechent déi Virgäng a Liewewiesen déi mat der Verännerung vu cheemesche Substanzen an dem Liewewiesen (oder besser gesot a sengen Zellen) ze dinn hunn.

Jee no der Aart vu Verännerung an der Originn vun de Substanzen ënnerscheet een tëscht Anabolismus a Katabolismus. Dës Verännerunge geschéien an enger Rei Etappen déi meeschtens vun Enzyme katalyséiert ginn, dofir schwätzt een och vu Stoffwiesselweeër oder metabolesche Weeër.

Katabolismus

Den Ofbau vun de Substanzen aus dem Iessen (dëst sinn haaptsächlech Kuelenhydrater, Lipiden an Proteinnen) fir Energie (Energie heescht an dësem biologesche Kontext meeschtens d'Produktioun vun ATP-Moleküllen) ze gewannen oder elementär Bausteng (z. B. Aminosaieren oder Nukleotide) fir kierpereege Substanzen opzebauen, bezeechent een als Katabolismus.

De Katabolismus fänkt mat der Verdauung u wärend där follgenden Ofbau geschitt:

  • Proteinnen Metabolismus  Aminosaieren
  • Kuelenhydrater Metabolismus  Monosacchariden
  • Lipiden Metabolismus  Fettsaieren a Glycerol
  • Nukleinsaieren Metabolismus  Nukleotiden

Duerno ginn haaptsächlech d'Monosacchariden an d'Fettsaieren (d'Aminosaiere wa keen direkten anere Gebrauch dovu méiglech ass) an Energie ëmgewandelt. Dëst geschitt ë. a. duerch follgend Stoffwiesselweeër:

  • d'Monosacchariden ginn der Glykolys zougefouert an an dëser zu Pyruvat ofgebaut deen dann an Acetyl-CoA ëmgewandelt gëtt,
  • d'Fettsaiere ginn duerch β-Oxydatioun zu Acetyl-CoA ofgebaut,
  • den Acetyl-CoA gëtt am Zitratzyklus zu CO2 ofgebaut, dobäi entsteet och reduzéierten NADH, H+,
  • dësen NADH, H+ gëtt schliisslech an der oxydativer Phosphoryléierung an ATP (also Energiereserv) ëmgewandelt.

Anabolismus

Den Opbau vu kierpereegene Substanzen aus elementäre Bausteng stellt den Anabolismus duer. Beispiller vun anabolesche Stoffwiesselweeër:

  • de Calvinzyklus an de grénge Planzen erméigelecht den Opbau vu Glukos
  • d'Synthes vum Häm fir an d'Hämoglobin

Tags:

ChimieEnzymologieLiewewiesenZell (Biologie)

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

atucbBierg (Colmer-Bierg)PhilippinnenHelzerklausFelipe I. vu KastilienFrankräichNorbert CampagnaThe Choppy Bumpy PeachesGemeng PéitengLeipzigFoussball-Weltmeeschterschaft 2002Lou LinsterBitcoinRtl.luKatrín JakobsdóttirPortal Lëtzebuerg/Neist Artikelen/Archiv 2024Schëld E, 21eLéon LavalArgentinienC++Avenue de la Liberté (Stad Lëtzebuerg)InternetApple Inc.BelizeMichel PolferLondonGaasperechSchengenCristiano RonaldoLëscht vu lëtzebuergesche Planzennimm.jpCharles WeilerAntonius HovaeusFoussball-Weltmeeschterschaft 2014ChicagoLëscht vu lëtzebuergesche KonschtschafendenFailliteHelperknappStéphanie WeydertStéckstoffWäissrusslandBarbara ShelleyIersengJoost MeesDomaine publicLuxtram-Linn T1Karl MarxHotel Cloche d'OrGemeng MäertertHaaptsäitCorinna HarfouchDräilännereckHarfJosy BraunAmazonasGesondheetHandelsregësterDavid CarradineChrëschtlech-Sozial VolleksparteiVietnamFrankie AvalonMontenegroReliounLydie PolferJeannot MetzlerTirana26. AugustOpenthalt vum Louis XIV. vu Frankräich zu LëtzebuergGemeng DippechMargréitchenJean NicolasPaul Ricoeur🡆 More