De Jacques Molitor, gebuer de 15.
Februar">15. Februar 1980 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Filmregisseur.
Jacques Molitor | |
---|---|
Gebuer | 15. Februar 1980 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Filmregisseur, Dréibuchauteur |
Hien huet 1999 e Medezinstudium op der Université catholique de Louvain ugefaangen, fir et 2001 ofzebriechen an dofir e Filmstudium um Institut des Arts de Diffusion zu Louvain-la-Neuve mat Diplom ofzeschléissen.
2003 huet hien e Cours fir Zenario a Mise-en-scène op der amerikanescher University of Southern California gemaach.
Säin éischte professionelle Kuerzfilm En compagnie de la poussière ass 2008 um Festival vu Locarno an um Internationale Filmfestival vun Dresden gelaf.
Den 29 September 2012 gouf säin éischte long-métrage, den Dokumentarfilm Sweetheart Come, um Festival International du Film Francophone zu Namouer, gewisen. De Film gouf vu Red Lion produzéiert an ass am Mäerz 2013 an d'Lëtzebuerger Kinoe komm. D'Theema ass Sexualitéit a Bezéiungen.
De Jacques Molitor huet vun 2007 bis 2012 als Freelance-Contributeur bei RTL Télé Lëtzebuerg ("Zinemag") geschafft.
Ausserdem ass hien zesumme mam Govinda Van Maele Curateur fir d'Programmatioun vu sougenannten Exploitation- a Grindhouse Filmer ënner dem Numm "Cinélunatique".
2014 koum säi Spillfilm Mammejong an d'Kinoen.
De Jacques Molitor ass Regisseur, zesumme mam Gary Seghers, vun der Tëleesserie Coyotes, vun där 2021 6 Episoden erauskoumen.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Jacques Molitor, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.