Dresden (sorbesch: Drježdźany; ofgeleet aus dem alsorbeschen Drežďany fir Suppen-Awunner, tschechesch: Drážďany) ass d'Haaptstad vum Fräistaat Sachsen an Däitschland.
Dresden | |
---|---|
Land | Däitschland |
Bundesland | Sachsen |
Regierungsbezierk | Dresden |
Krees | Kreesfräi Stad |
Awunner | 563.311 (31. Dezember 2022) |
Fläch | 328,30 km² |
Héicht | 113 m |
Koordinaten | 51°3'0"N, 13°44'24"O |
Telefonszon | 351 |
Postcode | 01067 |
Websäit | https://www.dresden.de/ |
Jumelage mat | Skopje, Salzburg, Coventry, Sankt Péitersbuerg, Wrocław, Ostrava, Brazzaville, Florenz, Hamburg, Rotterdam, Stroossbuerg, Hangzhou |
Um Gebitt vun der Stad Dresden gëtt et Iwwerreschter vun engem Tempel, deen op d'Joer 4800 v. Chr. zeréckgeféiert gëtt. D'Stadgebitt gouf an der Steenzäit weider besidelt.
Déi eigentlech Grënnung vun Dresden soll am Joer 1173 gewiescht sinn. An engem Dokument vun 1216 geet fir d'éischt vun Dresden an engem schrëftlechen Dokument rieds, a méi besonnesch vun der Kräizschoul um Stadgebitt Blasewitz/Striesen.
Am Mëttelalter huet sech d'Entwécklung vun der Stad besonnesch op den Deel um lénksen Uwänner beschränkt. Den Ausbau vun der Stad an déi kommerziell Entwécklung huet vill Zäit gebraucht.
Ëm 1500 hat d'Stad Dresden mat den Uertschaften rondrëm ongeféier 6.000 Awunner.
Déi schéinst Period ass fir d'Stad ënner der Regierung vum Friedrich August I. (genannt de "Staarken"), dee spéider och Kinnek vu Pole gouf, ugaangen. Eng Partie Gebaier, wéi d'Haffkierch an aner Barock-Bauwierker, ginn op déi Zäit zeréck. Am Laf vun dësem Opschwong huet d'Populatioun sech vu 1700 bis 1755 op 63.000 Awunner verdräifacht.
Am Joer 1813 stoung d'Stad am Mëttelpunkt vun de Krichshandlunge vum Napoleon, deen op den zwou Säite vun der Elbe seng Arméien opgestallt hat. Fir Dresden war dat eng ganz turbulent Zäit.
Ënner der Regierung vum Kinnek Johann (1854-1873) huet Dresden sech zu sengem Avantage weiderentwéckelt.
Wéi den Zweete Weltkrich ugaangen ass, war Dresden mat 642.143 Awunner déi siwentgréisst däitsch Stad. Bis an den August 1944 war d'Stad Dresde vu Bombardementer aus der Loft verschount bliwwen, well se net am Perimeter vun den alliéerte Bommefliger louch. Dat heescht datt am Hierscht 1944 Dresden déi lescht méi grouss Industrie- a Verwaltungsstad a Verkéierszentrum war, déi bis du vum Krich verschount bliwwe war.
Wéi vum August 1944 un, Dresden och net méi viru Bombardementer aus der Loft sécher war, waren d'Bombardementer vun alliéierte Fliger vum 13. a 14.Februar 1945, vun enger onerwaarter Ausmooss. Betraff war dat 15 km² grousst Stadgebitt am Zentrum vun Dresden. Dobäi goufen déi meescht historesch Barockgebaier a vill Konschtschätz komplett zerstéiert. Well och Splitter- a Brandbommen agesat goufen, war d'Zuel vun den Affer héich. Déi genee Zuel vun Doudege konnt ni offiziell festgestallt ginn, well deemools vill Flüchtlingen, op der Flucht virun de russeschen Truppe zu Dresde waren, an do net registréiert waren. No den allgemenge Schätzunge sollen ëmmerhi 24.000 Mënschen, oder méi, bei dëse Bombardementer ëm d'Liewe komm sinn.
Commons: Dresden – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Dresden, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.