De Utah ass e Bundesstaat am Weste vun den USA.
Utah | |||||
| |||||
Spëtznumm: 'The Beehive State' | |||||
Lëscht vun alle Bundesstaaten | |||||
Haaptstad: | Salt Lake City | ||||
Gréisst Stad: | Salt Lake City | ||||
Gouverneur: | Spencer Cox | ||||
Fläch: - Total: - Waasser: | Op 13. Plaz 219.653 km² 3,25 % | ||||
Bevëlkerung: - Total: - Dicht: | Op 30. Plaz 3.271.616 (2020) 15.33/km² | ||||
Opgeholl als Memberstaat: | 4. Januar 1896 (45ten) | ||||
Zäitzon: | UTC-7 bis -6 |
Den Numm Utah ass op den Indianer-Stamm vun den Ute zeréckzeféieren, déi do, nieft aneren, bis haut do liewen.
De Utah ass Noper mam Nevada, Idaho, Wyoming, Colorado, New Mexico an Arizona. Zesumme mam Colorado, New Mexico an Arizona huet de Utah e Véierlännereck. (Four Corners).
Am Osten an am Süden ass de Colorado-Plateau, am Westen d'Basin and Range Province. Tëscht deenen zwou Groussregioune sinn d'Wasatch Mountains, déi d'Grenz maachen. D'Rocky Mountains ginn am Osten an Nordosten nach sou just bis an de Utah. Am Nordosten, an de Uinta Mountains, ass de Kings Peak (4123 m), den héchste Bierg vum Utah.
De Utah huet 2,855 Milliounen Awunner (2012), wouvun iwwer 80 % an der Metropolregioun Wasatch Front ënner der Westflank vun der Wasatchkette liewen. De Rescht vum Bundesstaat ass extreem dënn bewunnt.
Ronn 60 % vun der Bevëlkerung si Mormonen.
Am Utah sinn déi heiten Nationalparken:
De Monument Valley ass keen Nationalpark a gëtt autonom vun den Indianer, déi do wunnen, verwalt.
Zu den National Monuments zielenː
Commons: Utah – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Utah, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.