D'Bevëlkerungsdicht ass d'Moyenne vun der Awunnerzuel pro km² vun engem bestëmmte Gebitt (Land, Stad, Regioun asw.).
Dat Land mat der
Fir ze vergläichen: d'Groussherzogtum Lëtzebuerg hat 2018 eng Bevëlkerungsdicht vun 235 Awunner pro km²..
Grönland huet mat 0,025 Awunner/km² nach méi eng niddreg Bevëlkerungsdicht wéi d'Mongolei, ass awer keen eegestännege Staat mä en autonomen Deel vun Dänemark. Dee Kontinent mat der niddregster Bevëlkerungsdicht ass d'Antarktis mit 0,0001 — 0,0003 Awunner/km².
Déi héchst Bevëlkerungsdicht fënnt een an de Stied an an eenzele Quartieren. Zum Beispill huet Macau (haut Volleksrepublik China) schonn eng Dicht vu 16.521 Awunner/km². Den Distrikt Freguesia de Santo Antonio, en Deel vu Macao, kënnt eleng op eng Dicht vu bal 100.000 Awunner pro Quadratkilometer.
Déi warscheinlech héchst Bevëlkerungsdicht vun der Welt hat d'Zitadell vu Kowloon, eng chineesesch Enklav zu Hong Kong, déi 1993 ofgerappt gouf. Do hu 50.000 Awunner op enger Fläch vun nëmmen 0,026 km² gewunnt, wat eng Bevëlkerungsdicht vun 1.900.000 Awunner/km² entsprécht.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Bevëlkerungsdicht, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.