De Colorado (spuen.
En ass 2.333 km laang an huet e Baseng vu 635.000 km². E spillt eng wichteg Roll fir d'Landwirtschaft, an, duerch Staudämm, fir d'Gewanne vun Drénkwaasser an elektreschem Stroum am Südweste vun de Vereenegte Staaten.
De Floss a säi Baseng | |
Längt | 2330 |
---|---|
Debit | 640 m³/s |
Fläch vum Baseng | 637.137 km² |
Originn | |
Originn | Quell |
Plaz | Rocky Mountains |
Héicht | 2700 |
Koordinaten | 40.4722056 N, -105.8261216 W |
Konfluenz | |
Leeft an | Golf vu Kalifornien |
Héicht | 0 |
Koordinaten | 31.815438 N, -105.8261216 W |
Haaptnieweflëss | vu lénks: Eagle River, Roaring Fork River, Gunnison River, Dolores River, San Juan River, Little Colorado River, Gila River; vu riets: Green River, Dirty Devil River, Escalante River, Paria River, Kanab Creek, Virgin River |
Geographie | |
Land | USA, Mexiko |
Regioun | Colorado, Utah, Arizona, Nevada, Kalifornien (USA), Baja California, Sonora (Mexiko) |
Uertschaften | San Luis Río Colorado, Grand Junction, Lake Havasu City, Yuma |
De Colorado entspréngt am Rocky-Mountain-Nationalpark am US-Bundesstaat Colorado, nordwestlech vun Denver op der Westflank vun der Nordamerikanescher Kontinentaler Waasserscheed. Aus de Bierger vun de Rocky Mountains leeft en an Utah an an Arizona, wou en op engem grousse Streech d'Grenz tëscht Arizona an Nevada mécht. Dono mécht en d'Grenz tëscht Arizona a Kalifornien. Am Süde vu Kalifornie leeft de Colorado dann a Mexiko, wou en tëscht de Bundesstaaten Baja California a Sonora an de Golf vu Kalifornien leeft.
Wann de Colorado aus de Rocky Mountains erauskënnt, fänkt de Colorado-Plateau un. Um Verlaf doduerch, wou e sech zum Deel déif an de Buedem eragefrass huet, huet e mat sengen Nieweflëss duerch Erosioun vill eenzegaarteg Landschaften entstoe gelooss. Op enger Längt vu ronn 1.600 km leeft en duerch e puer Canyons, ë. a. de Glenwood Canyon am Colorado, de Glen Canyon am Utah, an de Marble Canyon an de Grand Canyon am Arizona. Den Ausgang vum Grand Canyon ass zum Lake Mead gestaut. Vun do leeft de Floss duerch d'Mojave-Wüst an dono duerch d'Sonora-Wüst. Wann e bis beim Golf vu Kalifornien ukënnt, ass dacks kee Waasser méi uewerierdesch dran, well et all ewechgeholl gouf fir ze nätzen. Viru senger Mündung leien d'Insele Montague, Gore a Pelícano.
Um Laf vum Floss ginn et eng zéng Barragen, dorënner esou impressionanter wéi den Hoover Dam, deen de Lake Mead net wäit ewech vu Las Vegas opstaut, an de Glen Canyon Dam mam Lake Powell. Déi zwéi Stauséie dingen dozou, Drénkwaasser ze späicheren a Stroum ze produzéieren. D'Waasser vum Floss gëtt iwwer Kanäl bis op Los Angeles, San Diego, Phoenix an Tucson transportéiert.
Zanter 2000 hëlt d'Quantitéit vum Waasser no an no of, wéinst ëmmer manner Néierschlag, ma och wéinst dem Bevëlkerungswuesstem an deene Stied, déi d'Waasser vun do kréien. De Lake Powell-Stauséi huet zanter 2000 iwwer 60 Prozent vu sengem Waasser verluer.
Dem Floss no:
Déi wichtegst vun Nord no Süd:
Commons: Colorado River – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Colorado River, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.