D'Europäescht Mëttelmier (meeschtens nëmme Mëttelmier genannt) ass e Mier tëscht Europa, Afrika an Asien, huet en eegene Klima an ass vun enger besonnescher Flora a Fauna markéiert.
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Europäescht Mëttelmier ass am Westen duerch d'Strooss vu Gibraltar mam Atlantik verbonnen, am Nordosten iwwer d'Dardanellen, d'Marmaramier an de Bosporus mam Schwaarze Mier an am Südosten iwwer de Suezkanal mam Roude Mier.
Zu dësem groussflächege Mëttelmier, dat zu den ozeaneschen Niewemierer zielt, gehéieren, nieft e sëllege klengen Inselen, grouss a kleng Inselgruppen, souwéi déi grouss Inselen Korsika, Sardinien, Sizilien, Kreta, Rhodos an Zypern. Vun Norde stéisst d'Apenninnen-Hallefinsel mat Italien an d'Mier an trennt sou dat eigentlecht Mëttelmier vun der Adria.
D'Europäescht Mëttelmier bedeckt ongeféier eng Fläch vun 2,5 Mio km². Seng Déift läit bei maximal 5.267 m.
Commons: Mëttelmier – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Mëttelmier, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.