De Christian Neuman, gebuer de 25.
Mäerz">25. Mäerz 1979, ass e lëtzebuergesche Filmregisseur.
Christian Neuman | |
---|---|
Gebuer | 25. Mäerz 1979 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Filmregisseur, Dréibuchauteur |
No engem Bachelor am Media Design a Studien an Däitschland an an den USA (FHSH/Carnegie Mellon SA) huet de Christian Neuman e Master op der London Film School gemaach. Hie schafft als onofhängegen Artist, Dréibuchauteur a Filmregisseur zu Lëtzebuerg an zu London.
2007 huet hien d'Kulturemissioun ART7 fir de Sender T.TV zu Lëtzebuerg realiséiert. Tëscht 2009 an 2011 huet hie verschidden Documentairen an Afrika fir d'ONG SOS Faim an d'Europäesch Kommissioun produzéiert a realiséiert.
Bis ewell huet hien eng ganz Rëtsch Kuerzfilmer, Videoclippen an experimentell Filmer gedréint. Mat iwwer 50 offizielle Selektiounen op internationale Festivaler konnt hie verschidde Präisser gewannen, dorënner déi vum beschte Realisateur oder beschte Film. 2020 huet hie säin éischte Laangfilm gedréint, Skin Walker, en Horrorfilm mat der Amber Anderson als Haaptduerstellerin.
De Christian Neuman ass och artisteschen Direkter vun enger Prêt-à-porter-Mark.
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Christian Neuman, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.