Guy Schons: Lëtzebuergesche Museker, Sänger, Vollekslidd-Fuerscher a Kulturhistoriker

De Guy Schons, gebuer de 5.

Abrëll 1950, ass e lëtzebuergesche Museker, Sänger a Vollekslidd-Fuerscher. Hien huet sech och als Kulturhistoriker an als Spezialist vum Wierk vum Putty Stein een Numm gemaach.

Guy Schons
Guy Schons: Geschicht, Discographie, Wierker
Gebuer 5. Abrëll 1950
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Museker
Guy Schons: Geschicht, Discographie, Wierker

Geschicht

Schonn 1963 ass hie fir d'éischt an der Grupp Blackbirds als Gittarist a Sänger opgetrueden. D'Quartett huet virun allem am Süde vum Land gespillt.

1965 huet e wéi säin deemoleg Virbild Bob Dylan eng 12-säiteg Gittar an eng Mondharmonika ugeschaaft an huet Protestlidder gesongen. En huet awer du Lëtzebuerg verlooss an ass duerch verschidde Länner gereest wou en deelweis och als Museker geschafft huet.

1966 war en nees zeréck zu Lëtzebuerg an huet d'L.S.D-Group gegrënnt. Awer schonn 1967 huet en dës Grupp nees verlooss an ass erëm op Wanderschaft gaangen. Gläichzäiteg huet en awer och ugefaangen, al Lëtzebuerger Lidder ze sammelen.

1975 huet de Guy Schons mam René Wiroth de Vollekmusekensembel Dullemajik gegrënnt, dee, mat anere Leit, nach haut existéiert.

1977 huet hien de Folk-Clupp Lëtzebuerg gegrënnt an hie war och den éischte President vum Veräin.

1992 huet hien zesumme mat anere renomméierte Museker eng CD erausginn mat Lidder vum Putty Stein. Schonn 1993 huet en eng zweet CD opgeholl mat Lidder vum Putty Stein a Louis Petit. 2003 koum nach eng Live-CD mat Wierker vum Putty Stein dobäi.

Discographie

  • 1992, Chanson Cabaret (CD)
  • 1993, Déi Schnëss! (CD)
  • 2003, Putty Stein, live (CD)

Wierker

  • Schons, Guy, 1983. Die "Dullemajhik": Ein altes Musikinstrument und seine Geschichte. Revue Jg. 39, Nr. 38: 68-71; Nr. 39: 98-100.
  • Schons, Guy, 1996/1997/1999. Putty Stein (1888-1955) und die populäre Musik seiner Zeit. 3 Bänn (243, 252, 295 S.). Eegeverlag G. Schons, Huelmes. Impr. Centrale, Lëtzebuerg. ISBN 2-9599911-0-9 (Bd. 1), ISBN 2-9599911-9-2 (Bd. 2), ISBN 2-9599911-3-3 (Bd. 3)
  • Schons, Guy, 2004. Feuertanz und Firlefanz - Luxemburger Fest- und Alltagskultur in Mittelalter und früher Neuzeit. Hollenfels: G. Schons, Luxemburg, Imprimerie Centrale. 380 S., ISBN 2-9599911-1-7.
  • Schons, Guy, 2011. Matt Schong an Huesen an den Himmel kommen! - Luxemburger Sozial- und Kulturgeschichte des 18. Jahrhunderts. Lëtzebuerg (Eegeverlag, mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère a vum Fonds culturel national); 423 S. ISBN 978-2-95999116-5.

Literatur

Tags:

Guy Schons GeschichtGuy Schons DiscographieGuy Schons WierkerGuy Schons LiteraturGuy Schons19505. AbrëllLëtzebuerg (Land)Putty Stein

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Maria SchellMaikopHenri LoschCR159InternetSchëndelsJimmy Martin (1962)Adolf RaderschallGriichesch-orthodox Kierch Weiler zum TuerFrançois vu LëtzebuergWäissrusslandKontinentHenri LujaBakteerienLotte LedlSchock (Film)Tom BimmermannStater TramOrson WellesISO 3166-1Buergplaz zu HuldangIvan BoumansDetroitMilena JesenskáUn der AtertKasachstanRue Philippe-II2006VietnamkrichLycée technique de BonnevoieRigel (Stär)2023Olympesch Summerspiller 1956Adolphe vu LëtzebuergBoulevard de la Pétrusse19. JuniEuroparotThe Dead Don't HurtVolleksrepublik ChinaNohalteg Entwécklung10. MeeDäitschlandMoskauAntarktikaNaoto KanSoziale MindestlounCybele-AsteroidenLëscht vun de Lourdes-Grotten zu Lëtzebuerg24. JuliPortugiseschWiki FondatiounHarry Houdini5. OktoberHaaptsäitAgnes WindeckQueen Elizabeth 2SuperjhempMadame de StaëlGalaxiëkoupMichel LentzJair BolsonaroLeonid Iljitsch BrejnewIslandKathedral Saint-Pierre zu BeauvaisUergelmanufaktur Georg WestenfelderKrautmaartAuteursrechtIslännesch🡆 More