E Smartphone ass e mobillen Apparat, deen d'Funktioune vun engem Handy a vun engem Computer verbënnt.
En ënnerscheet sech vun engem "klasseschen" Handy duerch seng méi staark Hardware-Ausstattung an ëmfangräich mobil Betribssystemer, déi nieft de Kärfunktioune vum Telefon (Sproochappellen an Textnoriichten) och méi breet Software-, Internet a Multimediafunktiounen (Musek, Video, Kamera, Spiller) erméiglechen.
De Smartphone gëtt iwwer en Touchscreen navigéiert. E kann entweeder iwwer d'mobil Breetbandverbindung vum GSM-Operateur oder iwwer WLAN mam Internet verbonne ginn.
Zënter ongeféier 2010 ass Android dat meeschtverbreet Smartphone-Betribssystem a gëtt vu bal alle Produzente benotzt. Deen eenzeg anere wäitverbreete Betribssystem ass iOS, deen nëmmen op Apparater vun Apple funktionéiert.
Déi éischt Handye mat Smartphone-Funktioune gouf et an de spéiden 1990er Jahren. De Begrëff "Smartphone" ass 1999 vun der schweedescher Entreprise Ericsson fir d'éischt benotzt ginn. Wéi Apple 2007 den iPhone erausbruecht huet, huet dat den Handysmaart revolutionéiert an de Smartphone huet sech ëmmer méi séier verbreet. Haut sinn déi meescht Handyen, déi verkaaft ginn, Smartphonen. Duerch de permanent méiglechen Internetzougank mam Smartphone huet dat och e Wandel am Internetgebrauch mat sech bruecht, besonnesch bei sozialen Netzwierker wéi Facebook. Et huet och nei Kommunikatiounsformen erméiglecht iwwer Déngschter wéi WhatsApp oder Instagram. Déi Méiglechkeet vun enger permanenter Notzung kann awer och zu enger Smartphonesucht féieren an d'Sozialbehuele vun de Benotzer veränneren.
Commons: Smartphonen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Smartphone, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.