An der Sklaverei gëtt de Sklav als engem anere Mënsch säin Eegentum ugesinn, wéi eng Saach.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Sklav muss all den Uerdere vu sengem Meeschter follegen, an dat vu senger Gebuert oder vun deem Dag un, wou e gefaangen oder kaaft gouf, bis zu sengem Doud oder bis e verkaaft gëtt oder fräigelooss gëtt. De Sklav kann als Besëtz vun engem anere (fräie) Mënsch kaaft, verkaaft, verschenkt, verierft oder verlount ginn.
Sklaverei konnt ierflech sinn, dat heescht: d'Nokomme vun de Sklave waren automatesch och onfräi.
Ënner Sklaverei versteet een ee "Statut" ënner deem een onfräi ass a stänneg dat maache muss, wat de Besëtzer verlaangt.
Sklaverei war fréier, z. B. an der anticker Welt (am alen Egypten, an de griichesche Stadstaaten, an der réimescher Welt...), an der arabescher Welt oder an den europäesche Kolonien tëscht ~1500 an ~1850, ee wichtege Wirtschaftsfaktor. Haut ass d'Sklaverei zwar iwwerall op der Welt offiziell verbueden, mä an der Praxis gëtt et se nach an enger Rei vun afrikaneschen oder asiatesche Länner.
Commons: Sklaverei – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Sklaverei, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.