D'Republik vun de Marshallinselen ass en Inselstaat am westleche Pazifeschen Ozean. De Staat begräift d'Inselgrupp mat dem selwechten Numm, déi zu Mikronesien gehéiert.
'Aolepān Aorōkin M̧ajeļ (marshallesesch) Republic of the Marshall Islands (englesch)Republik vun de Marshallinselen' | |||||||
| |||||||
Offiziell Sprooch: | Englesch a Marshallesesch | ||||||
Haaptstad: | Majuro | ||||||
• Awunner: | 25.400 | ||||||
Staatsform: | Republik | ||||||
• Presidentin: | Hilda Heine | ||||||
Fläch: | 181,3 km² | ||||||
Bevëlkerung: | 42.418 | ||||||
• Bevëlkerungsdicht: | 233/km² | ||||||
Onofhängegkeet: | 21. Oktober 1986 | ||||||
Nationalhymn: | Forever Marshall Islands | ||||||
Zäitzon: | UTC +12h | ||||||
Internet TLD: | .mh | ||||||
Internationalen Telefonsprefix: | + 692 | ||||||
D'Marshallinsele bestinn aus zwou bal paralleel ausgeriichten Insel- beziehungsweis Atollketten: d'Ratak-Ketten am Oste wéi d'Ralik-Ketten am Westen, déi aus enger vill Atollen an e puer isoléierten Insele bestinn.
De Klima ass fiicht a waarm mat enger Reendauer vu Mee bis November. D'Insele si geleeëntlech engem Taifun ausgesat.
Zwéin Drëttel vun der Bevëlkerung liewen op den Insele vum Majuro-Atoll an op Ebeye. Déi aner Insele si wéinst dem Manktem u Beschäftegungs- an Entwécklungsméiglechkeeten nëmmen dënn besidelt oder net bewunnt.
Haaptstad ass d'Gemeng Majuro am Südosten um Atoll mat dem selwechten Numm.
90 Prozent vun der Bevëlkerung gehéieren zur Onofhängeger Protestantescher Kierch vun de Marshallinselen, 8,5 Prozent si réimesch-kathoulesch. Op den Insele liewen 221 neiapostolesch Chrëschten. Offiziell Sprooche sinn Englesch a Marshallesesch.
Commons: Marshall Islands – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Marshallinselen, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.