Schwaarzt Mier: Mier tëscht Europa a Klengasien

D'Schwaarzt Mier ass e Mier tëscht Europa a Klengasien.

D'Länner ronderëm sinn d'Tierkei, Bulgarien, Rumänien, d'Ukrain, Russland a Georgien. D'Schwaarzt Mier ass bei Istanbul via d'Mierenkt vum Bosporus, d'Marmara-Mier an d'Dardanelle mat der Ägeis, resp. dem Mëttelmier verbonnen. Den déifste Punkt läit 2210 Meter ënner Waasser. D'Surface ass 422 000 km².

Schwaarzt Mier: Geographie, Den Numm, DIwwerschwemmung no der Äiszäit
D'Schwaarzt Mier

Geographie

Fënnef grouss europäesch Stréim lafen an d'Schwaarzt Mier: d'Donau, den Dnjepr, den Dnjestr, den Don an de Kuban. An der Tierkei mënden 3 méi kleng Stréim do dran. Vu Westen no Oste sinn dat: Sakarya, Kızılırmak anYeşilırmak. De Çoruh kënnt aus der Tierkei mä leeft bei Batumi a Georgien an d'Mier. D'Küstegéigend ass am Westen an am Norden éischter flaach, mä am Osten an am Süden, sou wéi och op der Krim-Hallefinsel, si Bierger.

Den Numm

Déi Al Griichen hunn d'Schwaarzt Mier Pontos Euxeinos, "Gaaschtfrëndlecht Mier" genannt. Dat ass en Euphemismus, well virdru gouf et, wéinst de Stierm am Hierscht an am Wanter, Pontos Axeinos ("Gaaschtonfrëndlecht Mier") genannt, mä well d'griichesch Schëffsleit Angscht haten, mat sou engem Numm d'Gëtter ze provozéieren, gouf déi méi "frëndlech" Variant bäibehalen.

Den Numm Schwaarzt Mier ass eng Iwwersetzung vum tierkeschen Numm Kara Deniz, mä warscheinlech geet en op eng méi eeler persesch Bezeechnung zeréck, wou den an der Antiquitéit gewinnte System gebraucht gouf, fir Himmelsrichtunge symbolesch duerch Faarfwierder ze beezechnen, a "schwaarz" fir dat nërdlecht Mier stoung. Eng aner Deitung vun der Etymologie ass déi, datt den Numm op der Beobachtung vun enger schwaarzer Faarf vum Waasser berout, déi dohier kënnt datt sulfidogen Bakteerie Schwiefelwaasserstoff aus Sulfat bilden, deen zesumme mat Eisen-Ionen Eisesulfid ergëtt.

D'Iwwerschwemmung no der Äiszäit

Wärend der Äiszäit war do, wou haut d'Schwaarzt Mier ass, e grousse Séisswaasserséi, deen net mam Mëttelmier verbonne war. No der Äiszäit ass dës Verbindung entstanen, an de Séi mat Mierwaasser vollgelaf.

Wichteg Hafestied

Schwaarzt Mier: Geographie, Den Numm, DIwwerschwemmung no der Äiszäit 
Schwaarzt Mier

Um Spaweck

Commons: Schwaarzt Mier – Biller, Videoen oder Audiodateien

Tags:

Schwaarzt Mier GeographieSchwaarzt Mier Den NummSchwaarzt Mier DIwwerschwemmung no der ÄiszäitSchwaarzt Mier Wichteg HafestiedSchwaarzt Mier Um SpaweckSchwaarzt MierBosporusBulgarienDardanellenEuropa (Kontinent)GeorgienIstanbulKlengasienMëttelmierRumänienRusslandTierkeiUkrain

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

.kiLëtzebuerg am Zweete WeltkrichMelusinaNicoolOmar SharifLëscht vu lëtzebuergesche SportlerBungerëffer MillenWëllem IV. vu LëtzebuergRusty BoysWëssenschaft2012Gilles GenotGare LëtzebuergBockfielsIslamesche StaatPhoenix (Stärebild)Esch-UelzechtWale fir d'Europäescht Parlament 2024 (Lëtzebuerg)FilmJang de BlannenFernand BarnichÄishellegSpuenienLëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften, Häff a Lieu-ditenSneaky PeteLëtzebuergesch FoussballnationalekippBëschofMarc GirardelliMelickshaffJérôme BeckAadlerfarSonnenzäitGroussgaass (Stad Lëtzebuerg)Charlotte vu LëtzebuergJacob ZumaHaaptsäitBléck/ArchiverFrankräichAlgerienLëscht vun de lëtzebuergesche PremierministerenPit Hentgen1852Alfred HitchcockLeo (Stärebild)Stee (Handel)Stater TramFrancis of DeliriumC++Uergelmanufaktur KlaisOktoberAlexandra vu LëtzebuergBernard CribbinsJean HussJansenismusLycée Josy-Barthel MamerWorld Wide Web1984Edmond WagnerRevue (Lëtzebuerger Theater)Anton BrucknerNeuffontainesLëscht vun de Lëtzebuerger Buergen a SchlässerMilitärNorwegenPhilip CrowtherCharles ArendtPerseus (Stärebild)JangliAndromeda (Stärebild)Place de Paris (Stad Lëtzebuerg)FluchhafenFernand KoenigISSN🡆 More