Burgas (op Bulgaresch: Бургас) ass déi véiertgréisst Stad a Bulgarien.
Si läit am Oste vum Land um Schwaarze Mier an ass en Industrie-, Transport-, Kultur- an Tourismuszentrum.
Burgas | |
---|---|
D'Haaptakafsstrooss zu Burgas | |
Land | Bulgarien |
Vewaltungseenheet | Oblast Burgas |
Awunner | 210.136 |
15. Mäerz 2024; 15. Mäerz 2024 | |
Fläch | 154 |
Héicht | 30 |
Koordinaten | 42° 29’ 23’’ N 27° 28’ 18’’ O |
Telefonszon | 56 |
Postcode | 8000–8002 |
LAU-Code | BG07079 |
Websäit | http://www.burgas.bg |
Den Hafe vu Burgas ass dee gréissten a Bulgarien an de Fluchhafen transportéiert no deem zu Sofia déi meescht Passagéier. Burgas ass och den Zentrum vun der Fëscherei an der Fëschveraarbechtungsindustrie.
Wéinst senger geographescher Lag mat e puer Séien, déi ënner Naturschutz stinn, dem Schwaarze Mier an anticken a mëttelalterleche Siidlungen ass Burgas donieft och eng touristesch iwwerregional bekannt Stad. Och d'Festivaler zéie vill Visiteuren aus dem Balkan an aus der ganzer Welt un.
Commons: Burgas – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Burgas, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.