31. Januar: D'Vereenegt Kinnekräich trëtt aus der Europäescher Unioun aus. Wéi am Austrëttsaccord virgesinn, gëtt et eng Iwwergangsperiod bis Enn 2020, an där de legale Kader, wéi e bis ewell mat der EU gegollt huet, virun a Kraaft bleift, a wärend där en neien Handels- a Kooperatiounsaccord mat der EU ausgehandelt gëtt.
12. Juli: Den aktuelle President Andrzej Duda gëtt am 2. Tour vun de Presidentschaftswalen a Polen erëmgewielt.
09. August: Der wäissrussesche President Aljaksandr Lukaschenka gëtt bei de Presidentschaftswale mat offiziell 80 % erëmgewielt. D'Oppositioun kontestéiert déi Zuelen; et kënnt wochelaang zu Protestdemonstratioune vun Honnertdausende vu Leit.
01. Oktober: Den Alexander De Croo gëtt neie Regierungschef an der Belsch, gedroe vun enger Koalitioun vu 7 Parteien ("Vivaldi" genannt).
30. Oktober: Bei engem Äerdbiewe viru Samos, an der Ägeis, kommen iwwer 70 Leit ëm d'Liewen, déi meescht zu a ronderëm Izmir.
31. Oktober: De Willy-Brandt-Fluchhafe Berlin-Brandenburg (BER) geet 9 Joer méi spéit a 4 Milliarden Euro méi deier wéi geplangt, a Betrib.
24. Dezember: D'EU an d'Vereenegt Kinnekräich eenege sech op en neit Handels- a Kooperatiounsofkommes, dat hir Bezéiunge vum 1. Januar 2021 u reegele soll.
29. Februar: Déi éischt Persoun am Land gëtt positiv op de SARS-CoV-2.Virus getest.
16. Mäerz: Fir der COVID-19-Pandemie entgéint ze wierken, bleiwen op Uerder vun der Regierung Schoulen, Crèchen, Restauranten, Caféen, Concerts- an Theatersäll, Kinoen, Sportplazen an all Geschäfter, ausser Liewensmëttel-, Zeitungs- a Brëllebutteker an Apdikten, zou. D'Leit solle sech sou wäit et geet vun aneren ewechhalen. Dës Restriktioune gi vu Mee u phaseweis nees opgehuewen, fir dann awer vun Enn November un nees unzezéien, well d'Zuel vun den Neiinfektioune vu September un nees an d'Luucht gaange ass.
18. Mäerz: D'Regierung rifft den État de crise aus (Art. 32(4) vun der Verfassung), deen den 21. Mäerz vun der Chamber mat engem Gesetz op dräi Méint verlängert gëtt.
10. November: De Manuel Merino gëtt vum Parlament zum neie President vum Peru gewielt; no Protester gëtt hien de 17. November vum Francisco Sagasti ofgeléist.
4. August: Bei der Explosioun vun 2750 Tonnen Ammoniumnitrat am Hafe vu Beirut kommen iwwer 130 Mënschen ëm d'Liewen an iwwer 5.000 ginn der blesséiert.
29. September: Den Nawaf al-Ahmad al-Jabir al-Sabah gëtt nom Doud vu sengem Hallefbrudder Sabah al-Ahmad al-Jabir al-Sabah Emir vum Kuwait.
20. Abrëll: Wéinst der niddereger Nofro, bedéngt duerch d'COVID-19-Pandemie, gëtt fir d'éischt Kéier iwwerhaapt de Präis vum Barrel Pëtrol negativ gehandelt: fir kuerz Zäit gouf e fir -38 USD verkaaft.
Wëssenschaft an Technik
Raumfaart
30. Juli: De Mars-RoverPerseverance vun der NASA start mat enger Atlas-V-Rakéit vu Cape Canaveral; e soll am Februar 2021 am Jezero Krater um Mars landen.
Coronavirus
21. Dezember: Nodeems d'Europäesch Agence fir Medikamenter (EMA) gréng Luucht ginn huet, erlaabt d'Europäesch Kommissioun, ënner Konditiounen, den EU-wäite Gebrauch vum éischte Vaccin géint de COVID-19-Virus, dee vu BioNTech-Pfizer. De Vacccin gouf zesumme kaaft a gëtt, proportional zu der Bevëlkerungszuel, un all Memberlänner (plus déi vum Europäesche Wirtschaftsraum) verdeelt. Vum 27. Dezember u ginn an de Memberlänner Impfunge gemaach. D'Logistik an d'Prioritiséierung no Vulnerabilitéit gëtt op nationalem Plang organiséiert. 2021 gi weider Impfstoffer zougelooss, an d'Zuel vun de Geimpfte bannent der Bevëlkerung wiisst.
Alfred V. Aho und Jeffrey Ullman fir fundamental Algorithmen an Theorien, déi Basis bilde fir d'Implementiere vu Programméiersproochen, a fir d'Synthees dovun an och vun anere Resultater an hire Bicher mat deene Generatiounen vun Informatiker ausgebilt goufen.
Sport
Wéinst der COVID-19 Pandemie si vill sportlech Evenementer, Championnater oder Turnéiere verréckelt ginn oder ganz ausgefall.
08. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert am am Stade Josy-Barthel an der Stad an engem Qualifikatiounsmatch fir d'UEFA Nations League 0:1 géint Montenegro.
07. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert am Stade Josy-Barthel an der Stad an engem Frëndschaftsmatch 1:2 géin Liechtenstein.
10. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt am Stade Josy-Barthel an der Stad an an engem Qualifikatiounsmatch fir d'UEFA Nations League 2:0 géint Zypern.
13. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert am Gradski Stadion zu Podgorica an engem Qualifikatiounsmatch fir d'UEFA Nations League 1:2 géint Montenegro.
11. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert am Stade Josy-Barthel an der Stad an engem Frëndschaftsmatch 0:3 géint Éisträich.
14. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt am GSP Stadion zu Nikosia an an engem Qualifikatiounsmatch fir d'UEFA Nations League 1:2 géint Zypern.
17. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp an déi aserbaidjanesch spillen am Stade Josy-Barthel an der Stad an an engem Qualifikatiounsmatch fir d'UEFA Nations League 0:0 gläich.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article 2020, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses. ®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.