Olympesch Summerspiller 2020: Spiller vun der XXXII. Olympiad, déi 2021 ofgehale ginn
D'Olympesch Summerspiller 2020, offiziell d'Spiller vun der XXXII.
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Nom Ausbroch vun der Otemweeërkrankheet COVID-19 an der weltwäiter COVID-19-Pandemie gouf iwwer e Verleeë vun de Spiller diskutéiert. De 24. Mäerz 2020 huet den Internationalen Olympesche Kommitee decidéiert, fir d'Spiller op 2021 ze verleeën. Den 30. Mäerz gouf du bekannt gemaach, datt d'Spiller vum 23. Juli bis den 8. August 2021 ofgehale ginn.
Et gouf weiderhi festgehalen, datt d'Olympesch Flam a Japan bleiwe géif an datt den Numm Olympesch Spiller Tokio 2020 a Paralympesche Spiller Tokio 2020 bestoe bléif.
Lëtzebuerg war zu Tokio mat 12 Athleeten (véier Fraen an aacht Männer) a siwe Sportaarte vertrueden, .
Zanter 1900 war et déi 25. lëtzebuergesch Participatioun bei den Olympesche Summerspiller.
Fändelsdréier
Vun dëse Spiller un huet den IOK et erlaabt, datt bei der Erëffnungszeremonie de Fändel vun all Delegatioun vun enger Fra an engem Mann presentéiert gëtt. De Fändel vu Lëtzebuerg gouf deemno vun der Vëlossportlerin Christine Majerus an de Schwëmmer Raphaël Stacchiotti gedroen.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Olympesch Summerspiller 2020, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses. ®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.