De Keeser Naruhito (jap.
徳仁), gebuer den 23. Februar 1960 zu Tokio, sëtzt zanter dem 1. Mee 2019 um japanesche Chrysanthementhroun. Hien ass, no der Ofdankung vu sengem Papp dem Keeser Akihito den 30. Abrëll 2019, zanter Hallefnuecht vum 1. Mee 2019 den 126. Tennō vu Japan. Seng offiziell Inthronisatioun war den 22. Oktober 2019.
Naruhito | |
---|---|
Gebuertsnumm | 浩宮徳仁親王 |
Gebuer | 23. Februar 1960 |
Nationalitéit | Japan |
Educatioun | Merton College |
Aktivitéit | Monarch, Aristokrat |
Famill | |
Papp | Akihito |
A Japan gëtt de Keeser aus Respekt net mat sengem Numm genannt. Hie gëtt als Tennō Heika (天皇陛下, "Seng Majestéit, den himmlesche Souverain") oder Kinjō Heika (今上陛下, "Seng aktuell Majestéit") oder einfach Tennō genannt.
Commons: Naruhito – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Naruhito, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.