D'Paralympesch Spiller, och Paralympics genannt, sinn d'Olympesch Spiller fir Mënsche mat kierperlecher a visueller Behënnerung.
Sportler aus iwwer 100 Länner maache mat. D'Paralympesch Spiller goufe fir d'éischt 1948 organiséiert. Zanter 1960 gi se reegelméisseg ausgedroen an zanter 1988 si se mat den Olympesche Spiller verbonnen. Si sinn ëmmer 3 Wochen no den Olympesche Spiller op der selwechter Plaz. Zanter 1976 gëtt et och déi d'Paralympesch Wanterspiller.
De Begrëff Paralympics kennt vun deenen zwee Wierder “paraplegic” aus dem engleschen: geläämt an “Olympic”. Offiziell gouf den Numm Paralympics eréischt 1988 a Korea benotzt.
Den Neurolog Ludwig Guttmann huet 1948 an England d'Paralympesch Spiller fir d'éischt initiéiert fir se mat den Olympesche Spiller ze verbannen. 1984 war dat kommerziellt Organisatiounsteam vun den Olympesche Spiller vu Los Angeles dogéint, d'„International Games for Disabled“ z'organiséieren, mam Grond datt dat de „richtege“ Sportler hiert professionellt Bild géif verschlechteren. Doropshin huet Gemeng vu Chicago entscheet d'Paralympesch Spiller trotzdeem z'organiséieren. E puer Méint virum Ufank vun de Spiller huet Gemeng s'awer ofgesot mam Argument, et géifen 100.000 $ feelen. Doropshi goufen d'Spiller an zwee gedeelt, een Deel an England an deen aneren zu New York.
Zanter 1988 gi se reegelméisseg parallel zu den Olympesche Spiller ofgehalen. Wärend de Paralympesche Spiller zu Athen 2004 hu 4.000 Sportler aus 130 Länner matgemaach. D'Sportler goufen am Ganze vun 2000 Teambegleeder ënnerstëtzt.
D'paralympesch Sportaarte ginn a Summer- a Wantersportaarten ënnerdeelt. Pro Sportaart kann et och Ënnerkategorie ginn, wéi z. B. am Para-Vëlossport wou et Zweerad, Dräirad, Tandem an Handbike gëtt.
Aktuell si 27 Sportaarte paralympesch (22 Summer- a fënnef Wantersportaarten):
Commons: Paralympic Games – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Paralympesch Spiller, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.