Pedro Sánchez

De Pedro Sánchez Pérez-Castejón, gebuer den 29.

Februar">29. Februar 1972 zu Madrid, ass e spuenesche Politiker an Héichschoullenseignant. Hie war vum Juli 2014 bis den Oktober 2016, an ass nees zanter 2017 Generalsekretär a Parteipresident vun der Partido Socialista Obrero Español (PSOE). Hien ass zanter dem 2. Juni 2018 Ministerpresident vu Spuenien.

Pedro Sánchez
Pedro Sánchez
Gebuer 29. Februar 1972
Madrid
Nationalitéit Spuenien
Educatioun Université libre de Bruxelles
Aktivitéit Politiker, Ekonomist, Universitéitsprofesser
Partei Partido Socialista Obrero Español
Pedro Sánchez

Hie gouf 1993 Member beim PSOE a gouf 1998 Assistent vun der Europadeputéiert Barbara Dührkop. Kuerz dono gouf hie Kabinettschef vum Héije Representant fir Bosnien an Herzegowina, Carlos Westendorp. 2004 ass hien an de Gemengerot vu Madrid nogeréckelt, 2007 gouf en duer erëmgewielt. 2009 ass hien als Deputéierten an d'Spuenescht Parlament (Congreso de los Diputados) nogeréckelt. 2011 krut en net genuch Stëmme fir erëmgewielt ze ginn, hien ass awer 2013 nogeréckelt.

Wéi den 1. Juni 2018 d'Parlament de Mariano Rajoy (Partido Popular) duerch e Mësstrauensvote ofgesat huet, krut de Sánchez 180 vun 350 Stëmmen a gouf domat Ministerpresident vun enger Minoritéitsregierung, déi vun Unidos Podemos, PNV an anere méi klenge separatistesche Parteien toleréiert gëtt.

Bei de virgezunnene Parlamentswale vum 28. Abrëll 2019 krut dem Sanchez seng PSOE mat 123 vun 350 Sëtz déi meeschte Stëmmen. Hie krut awer keng Majoritéit am Parlament zesummen. Dofir goufen et den 10. November 2019 Neiwalen, bei deenen d'PSOE nees déi stäerkst Partei gouf. De 7. Januar 2020 gouf de Sánchez Ministerpresident vun enger Minoritéitsregierung vun enger PSOE-Unidas Podemos Koalitioun.

Um Spaweck

Commons: Pedro Sánchez – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

Tags:

197229. FebruarMadridPartido Socialista Obrero EspañolPolitikerSpuenien

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

IBMDäitsch-Oth(136199) ErisPhilippe Schneider, de Mann mat der KameraE-BassMonumenter vum Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg (L)SchrëftstellerNaturschutzgebitt Beetebuerger BëschEise PappProsper FriobRob DeltgenWaldbëlleger AffärJeannot LunkesPit RomersaFoussball-Weltmeeschterschaft 2006/Costa RicaElisabeth vun Éisträich-UngarnJacques BrocquartJules PrussenBuerg SimmerNathalie Reuter (Journalistin)Hugues Le GallaisRobert BrandyUniversumPéckvillchenLiège-Bastogne-Liège 2023RTL GroupGronn (Stad Lëtzebuerg)René KollwelterFranséischLëtzebuerg (Land)tmxsxNorbert CampagnaLëtzebuerg am Zweete WeltkrichBud LuckeyEuropäesch CommunautéitenErnst Wilhelm ContzenLëscht vun de Vullen zu LëtzebuergPornographieVereenegt Staate vun AmerikaChatGPTMartine DeprezYonas KindeLuxairInstitut supérieur d'études et de recherches pédagogiques2020Jean-Pierre FlohrCôte de La RedouteMarie HeinzEric Thill10. Februar2. MäerzKarl MarxEuropa (Kontinent)SchwäizAlfred HitchcockJohannes VermeerBëschofSecondairesschoulen zu LëtzebuergBernard-MassardDäitschlandErnest Arendt (Affekot)Coupe de Luxembourg (Foussball)Mars Science LaboratoryJoanne GoebbelsWale fir d'Europäescht Parlament 2024 (Lëtzebuerg)Nicolas WampachRue Mohrfels1323Dominique Lang🡆 More