De Pranab Kumar Mukherjee (প্রনব কুমার মুখার্জী); gebuer den 11.
Dezember">11. Dezember 1935 zu Mirati, a Westbengalen a gestuerwen den 31. August 2020 zu Nei-Delhi, war en indesche Politiker a vum 25. Juli 2012 bis de 25. Juli 2017 de 14. President vun der Republik Indien.
Pranab Mukherjee | |
---|---|
Gebuer | 11. Dezember 1935 |
Gestuerwen | 31. August 2020 Nei-Delhi |
Doudesursaach | COVID-19 |
Nationalitéit | Indien |
Educatioun | Universitéit vu Kalkutta |
Aktivitéit | Politiker, Autobiograph |
Partei | Indeschen Nationalkongress |
Hienn huet Droit op der University of Calcutta studéiert an huet seng Carrière als Affekot an Universitéitsdozent ugefaangen. Hien huet och Geschicht a Politikwëssenschafte studéiert.
1969 gouf hie fir d'éischt an d'Rajya Sabha gewielt an e puermol erëmgewielt, fir d'Lescht 1999. 1995-1996, an 2006 bis 2009 war hien Ausseminister. Dono gouf Finanzminister ënnert dem Premierminister Manmohan Singh, ier en da fir d'Presidentewale kandidéiert an déi gewonnen huet.
Hie war bestuet a Papp vun 3 Kanner.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Pranab Mukherjee, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.