Den Norman G.
Thomas, gebuer den 1. Mee 1930, a gestuerwen den 19. Mee 2020, war en US-amerikaneschen Astronom.
Norman G. Thomas | |
---|---|
Gebuer | 1. Mee 1930 |
Gestuerwen | 19. Mee 2020 |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Astronom |
Den Thomas hat am Lowell-Observatoire mat engem Blénkkomparater geschafft. Ee vu senge Mataarbechter war de Robert Burnham, Jr., den Auteur vum dräibännege Wierk Celestial Handbook.
Den Thomas hat 55 Asteroiden entdeckt, ënner hinnen d'Apollo-Asteroiden (4544) Xanthus an (4581) Asclepius souwéi den Amor-Asteroid (3352) McAuliffe.
Den Asteroid (2555) Thomas gouf no him genannt.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Norman G. Thomas, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.