Botter

Botter (vum griicheschen: βούτυρον, boútyron, Rannerkéis) ass e Mëllechprodukt dat aus Mëllechfetter a Waasser besteet.

De Waassergehalt soll dobäi 16 % net iwwerschreiden. Aner Bestanddeeler vum Botter sinn d'Mëllechbestandeeler, Mëllechzocker, Mineralstoffer, Cholesterin, Proteinnen, fettléislech Vitaminnnen, Mëllechsaier, an Aromastoffer.

Botter
Floris van Schooten

De Botter huet en héije Gehalt vun Uelegsaieren a kuerzketteche gesiedegte Fettsaieren.

Am Handel däerf den Numm Botter nëmme gebraucht gi fir Produkter déi aus Mëllech oder Rahm hiergestallt sinn. Fir 1 kg. Botter ze maache ginn ongeféier 22 Liter Mëllech gebraucht.

Et gëtt haaptsächlech ënnerscheet tëscht:

  • Bauerebotter (beurre fermier), deen um Baurenhaff an handwierklecher Manéier hiergestallt gëtt. Dëse Botter hält sech gewéinlech net ganz laang.
  • Molkereisbotter, deen an der Molkerei gemaach gëtt a sech och net ganz laang hält.
  • Pasteuriséierte Botter, deen a Molkereie gemaach gëtt. Well an dësem Botter keng Keimer méi dra sinn, hält e sech méi laang.
  • Den Demi-Sel an deem tëscht 2 bis 5 % Salz sinn a sou dem Botter e besonnesche Goût ginn. Dëse Botter hält sech relativ laang.
  • Konzentréierte Botter aus deem d'Fiichtegkeet erausgezu gouf, an dee bis 99 % Fetter enthält.
  • Bottermëllech, engem Nieweprokukt dat nom Rompen ufällt.

Fir de Botter gutt ze hale musse grouss Temperaturënnerscheeder vermidde ginn, ideal si 5 °C. De Botter fänkt bei 31 °C. un ze schmëlzen. Fir de Botter ass zu Lëtzebuerg eng Marque Nationale agefouert ginn d De Präis vum Botter deen am Land produzéiert gëtt geseztlech festgeluecht fir dës zwou Kategorien:

  • a) Beurre de marque « Rose » pasteurisé, Standard A, 1re catégorie (emballage rouge).
  • b) Beurre de marque « Rose » Standard B, 2e catégorie (emballage vert).

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Botter – Biller, Videoen oder Audiodateien

Tags:

MëllechMëllechsaierProteinVitaminn

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Zesummen - d'BréckNora Back2008GuernicaMyriam Spiteri DebonoWill FerrellFestung LëtzebuergDylan RyderLéon LavalHelzerklausSarah SchreiberKlima1999BlogCharles SubervilleMensterStëbssuckelerVietnamKosmesch StralungGemeng DuelemGare Lëtzebuerg24. OktoberLëscht vun de Vullen zu LëtzebuergGérard ClaudeLiberté de conscience2010AusterechampignonWiki2011.jpAvenue John-F.-Kennedy (Stad Lëtzebuerg)Vereenegt KinnekräichAmazonasWladimir Wladimirowitsch PutinC.A. Spora LëtzebuergUS-Monument PéitengBuerg Simmer19742003Commonwealth of NationsNico Reisdorff2009Openthalt vum Louis XIV. vu Frankräich zu LëtzebuergHenri WerlingAlain DecauxChrëschtlech-Sozial JugendLübeckJosy JohannsBundesstaat vun den USASchëld E, 21eGesondheetGemeng BousMars ExpressLiège-Bastogne-Liège 2022Selena Quintanilla-Pérez19. AbrëllCaracasKënzegLëtzebuerger KantonenNaturschutzgebitt SaueruechtBloGemeng MunnerefLëscht vu lëtzebuergesche PlanzennimmHotel Cloche d'OrMasturbatiounCras-sur-ReyssouzePortal Lëtzebuerg/Neist Artikelen/Archiv 2024Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften, Häff a Lieu-ditenGemeng VeianenCôte de Stockeu🡆 More