D'Ouer ass en Organ, dat fir d'Héieren an d'Kierpergläichgewiicht responsabel ass.
D'Ouere vun de Wierbeldéiere leie generell symmetresch op all Säit vum Kapp. Dat erlaabt eng besser Lokaliséierung vum Schall.
Bei de Mamendéieren, dorënner dem Mënsch, besteet d'Ouer aus dräi groussen Deeler - d'baussenzegt Ouer, d'mëttelt Ouer an d'bannenzegt Ouer:
Well bei de meeschten Déieren nëmmen dat baussenzegt Ouer visibel ass, gëtt de Begrëff "Ouer" dacks nëmme fir deen Deel gebraucht.
Erkrankunge vum Ouer kënnen zum Verloscht vum Héieren, zu Tinnitus an zu Gläichgewiichtsstéierunge wéi Schwindel féieren.
Zënter dausende Joren an a ville Kulture gëtt d'Ouer mat Bijouen dekoréiert, zum Beispill mat Ouerréng.
Commons: Ouer – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Ouer, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.