Am Computerberäich ass e Spellchecker eng Komponent oder e Software-Programm, dee geschriwwe ginn ass fir d'Korrektheet vun eenzele Wierder an engem Dokument z'iwwerpréiwen.
Normalerweis bitt e Spellchecker zousätzlech eng Méiglechkeet un, fir Korrekturvirschléi unzeweisen.
Den éischte Spellchecker fir d'Lëtzebuergescht gouf vum Linguist Jérôme Lulling an dem Informatiker Pierre Mousel tëscht de Joren 2000 an 2002 ausgeschafft. A senger Dokterthees iwwer déi lexikalesch Kreativitéit am Lëtzebuergeschen huet de Jérôme Lulling 2002 beschriwwen, wéi hien eng Wierderlëscht vun 125.000 Wuertforme fir dësen éischte Prototyp vun engem Spellchecker entwéckelt huet a wéi een d'Concatenatioun, also d'Buschtawereiefolleg, semiautomatesch ka simuléieren, eng Method déi souwuel beim Projet Cortina wéi och beim Projet Luxdico erfollegräich agesat gouf. Den Utilitär Cortina (Correcteur orthographique informatique appliqué à la langue luxembourgeoise) kann och d'Eifeler Reegel erkennen a verbesseren. Mam Projet Cortina gouf 2002 opgehalen.
De Spellchecker.lu ass am Abrëll 2006 als Projet vun dräi jonke Leit, déi zu Kaiserslautern studéiert hunn, an d'Liewe geruff ginn. Et waren dat den Tom Goedert, de Luc Heischbourg an de Michel Weimerskirch. Vun Ufank 2008 u gouf de Projet just nach vum Michel Weimerskirch weiderentwéckelt. Am Joer 2009 war eng éischt mobil Versioun disponibel.
Eng nei Versioun, déi de 7. Oktober 2016 erauskoum, gouf an Zesummenaarbecht mat der Sandra Souza Morais ausgeschafft. De Spellchecker.lu huet du méi wéi 230.000 Wierder kannt.
D'Wierderlëscht an d'Affixreegele stinn ënner der Europäescher Lizenz fir fräi Software EUPL a sinn dorop ausgeluecht, mat de gängege Softwaren ze funktionéieren déi um Hunspell baséieren (LibreOffice, Mozilla Thunderbird, Mac OS X asw.) a gëtt reegelméisseg weiderentwéckelt.
De Plugin fir d'Eifeler-Reegel ze kontrolléieren ass proprietär a kann als Plugin fir de LibreOffice erofgeluede ginn oder online op der Websäit vu Spellchecker.lu benotzt ginn.
Am spéide Summer 2023 gouf de Spellchecker.lu vum ZLS iwwerholl an ass zanterhier an enger verbesserter Versioun disponibel, mat där ë. a. d'Eifeler-Reegel direkt iwwerpréift gëtt.
E Spellchecker, am übleche Sënn vum Wuert, iwwerpréift just eenzel Wierder, ouni op de Kontext an engem Saz opzepassen. Sou kann et och virkommen datt follgend Sätz fir e Programm richteg sinn, obwuel se kee Sënn hunn:
"Dënn Thierry ass den." an "Maach eng Fënster ob."
Gemengt war natierlech:
"Den Thierry ass dënn." an "Maach eng Fënster op."
E kontextsensitive Spellchecker kuckt bei der Korrektur och nach d'Semantik vun engem Saz. Doduerch kann de Programm an engem begrenzten Ëmfang de Sënn vun engem Saz erkennen, an deemno och Wierder als falsch markéieren, déi zwar richteg sinn, mä am falsche Kontext gebraucht goufen.
Lëtzebuergesch op der Wikipedia
E klenge Guide fir Lëtzebuergesch ze schreiwen | Geschicht vun: ... der Lëtzebuerger Sprooch | ...der Lëtzebuerger Schreifweis | ... der Sproochwëssenschaft zu Lëtzebuerg
Lëscht vun de lëtzebuergesche Riedensaarten | Spellchecker | Stilistik vum Lëtzebuergeschen | Wéi heescht dat...? | Lëtzebuergesch Dictionnairen
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Spellchecker, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.