Russesch Literatur

Schrëftsteller - Bicher

Russesch Literatur
Dësen Artikel gehéiert zur
Serie Literatur
Lëtzebuergesch Literatur

Literaturgeschicht

Antiquitéit - Mëttelalter
16. Jh. - 17. Jh.
18. Jh. - 19. Jh.
20. Jh. - 21. Jh.

Literaresch Formen

Lyrik - Eepik - Drama
Novell - Didaktik
Poesie - Roman

Liest heizou och

Literaresch Stréimungen
Literaresch Präisser

Nationen a Sproochen

Amerikanesch - Englesch
Arabesch - Chineesesch
Däitsch - Finnesch
Franséisch - Griichesch
Indesch - Iresch
Italieenesch - Japanesch
Lëtzebuergesch
Latäin - Russesch
Schwäizer - Spuenesch
Ungaresch

Déi wichtegst Zäsur an der russescher Literatur léisst sech ongeféier op d'Enn vum 17. Joerhonnert Ufank vum 18. Joerhonnert datéieren.

Alrussesch Literatur

Déi Literatur, déi virun där Zäit entstanen ass, bezeechent een als Alrussesch Literatur. Si huet hir Wuerzelen am byzantinesche Schrëfttum vum Mëttelalter a befaasst sech haaptsächlech mat reliéisen Theemen. Meeschtens ass se am Kiercheslawesch geschriwwen.

Nei russesch Literatur

Duerno schwätzt ee vun der Neier russescher Literatur. Si baséiert sech op d'westeuropäescht, vum griichesch-réimesche Virbild weiderentwéckelt Schrëfttum an ass an der Sprooch vum Vollek, also op Russesch geschriwwen.

Zu de bedeitendste russesche Schrëftsteller vu Weltrang gehéieren den Alexander Puschkin, de Michail Lermontow, den Iwan Turgenew, de Fjodor Dostojewski, de Lew Tolstoi, den Nikolai Leskow, den Anton Tschechow, de Maxim Gorki, de Lew Gumiljow, den Iwan Bunin, de Michail Bulgakow, de Michail Scholochow, de Boris Pasternak, den Alexander Soljenizyn, den Eduard Uspenski.

Sowjetliteratur

D'Sowjetliteratur ass vun der nei gewonnener "Fräiheet" vum einfache Vollek, vum domat verbonnene Jubel, Kapitalismus-Kritik an natierlech Propaganda aus dem Kreml geprägt. Nëmmen e puer Schrëftsteller wéi z. B. de Michail Bulgakow, den Andrei Platonow, den Alexander Soljenizyn asw. hu sech um Doft vun der Immigratioun an u Kritik um Regime versicht. Hir Wierker si meeschtens eréischt laang no hirem Doud, als éischt och an enger zenséierter Versioun, publizéiert ginn. D'Palette geet vum klassesche, realistesche Roman bis zur Science Fiction.

Neiste russesch Literatur

An der Russescher Literatur vun der Géigewaart gëtt et eng besonnesch Grupp vun Auteuren, déi een alleguer ënner dem net eleng op Russland limitéierten Epochebegrëff Postmodern zesummefaasse kann. Dee warscheinlech bedeitendsten, well radikaalste Schrëftsteller vun der russescher Postmodern ass de Wladimir Sorokin. Da kann een och nach d'Alina Wituchnowskaja, d'Marija Sumnina, an d'Nadeschda Grigorewa ernimmen.

Literatur zum Theema

  • Stender-Petersen, Adolf, Geschichte der russischen Literatur, 5. Oplo, C.H. Beck, München, 1993. ISBN 3-406-31557-7

Um Spaweck

Commons: Russesch Literatur – Biller, Videoen oder Audiodateien

Tags:

Russesch Literatur Alrussesch LiteraturRussesch Literatur Nei russesch LiteraturRussesch Literatur SowjetliteraturRussesch Literatur Neiste russesch LiteraturRussesch Literatur Literatur zum TheemaRussesch Literatur Um SpaweckRussesch LiteraturLëscht vu lëtzebuergesche Schrëftsteller

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Astrid LullingLëscht vun de lëtzebuergesche SpréchwierderFlouernummComité flamand de FranceHypertext Transfer ProtocolBangladeschBernard-MassardLiberté - Fräiheet!Ludwig LevyCapellenSammy WagnervietnamInstitut supérieur d'études et de recherches pédagogiquesAlexei Sergejewitsch IonowSchrëftstellerDagestanFoussball-Weltmeeschterschaft 2006/Costa RicaLëtzebuerger KantonenKrichClinique Saint-FrançoisKasanBud LuckeyGattung (Biologie)16. AbrëllCathy ClementSarah SchreiberLycée Hubert-ClémentFluchhafe LëtzebuergHandelsregësterEngel AlbertErmesinde vu LëtzebuergLex Weyer (1966)1919AnimeGuillaume vu LëtzebuergChatGPT17. FebruarOns HeemechtBëschofKanton LëtzebuergDiddelenger SchmelzPhilippe Schneider, de Mann mat der KameraTony AwardsLéif Lëtzebuerger...SS-Sonderlager HinzertDepartement Puy-de-DômeZeilespronkverfahrenDagGeorges Eugène HaussmannHoratio Herbert Kitchener2. FebruarHypertext Markup LanguageFranséisch2020Lex DellesFräi WeedCôte de La RedouteWikiNaomi AyéJhemp HoscheitTun TonnarJohannes VermeerHenri vu LëtzebuergLëscht vun de lëtzebuergesche Bäiträg beim Eurovision Song ContestOman6. AbrëllMielNaturschutzgebitt Beetebuerger BëschFC KehlenLëtzebuergesch Kichespezialitéiten2012🡆 More