En Entwécklungsland ass nom allgemenge Sproochgebrauch eng eegestänneg national Communautéit, där hir Bevëlkerung an der Majoritéit als aarm betruecht gëtt an e Liewensstandard huet, deen ënner enger international unerkannter Aarmutsgrenz läit.
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Wéi e Land als Entwécklungsland ze betruechten ass, hänkt vun den applizéierte Krittären of. De Begrëff gëtt meeschtens am Zesummenhank mat der Entwécklungspolitik gebraucht an ass net ëmmer riguros festgeluecht.
Follgend Länner ginn als Emerging and Developing Economies (Entwécklungslänner) vum Fonds monétaire international a sengem Economic Outlook Report (Abrëll 2008) betruecht:
Fir de Begrëff „Entwécklungsland“ gëtt et eng Rei vu Synonymen, wéi Drëtt Welt oder Véiert Welt. Dës Begrëffer sinn - grad wéi „Entwécklungsland“ - zum Deel ëmstridden a gi vu verschiddenen Experte kontestéiert. D'Kritiker vum Begrëff „Entwécklungsland“ soen z. B. datt en eppes ënnerstellt, dat net passéiert: nämlech Entwécklung. Ee vun de prominentste Kritiker vun dësem Begrëff ass de schweedeschen Ekonom Gunnar Myrdal.
Net méi gebraucht ginn: „ënnerentwéckelt Länner“ (underdeveloped countries), oder „réckstänneg Länner“ (backward countries), well se pejorativ sinn.
International gëtt et keng eendeiteg Sproochreegelung. Sou gouf zum Beispill opgrond vun enger UN-Vollversammlung am Joer 1971 tëscht Least Developed Countries (LLDC) a Less Developed Countries (LDC) ënnerscheet. Net all UN-Organisatiounen ënnerscheeden awer tëscht dëse béide Gruppen.
Den Ausdrock „Nord-Süd“ gëtt ëmmer manner vun den Entwécklungslänner selwer benotzt.
Mat „Industriestaaten“ gëtt versicht, industrialiséiert Staate sproochlech vun den Entwécklungslänner ofzegrenzen, dat zu engem Zäitpunkt wou net méi d'Industrie, mä d'Déngschtleeschtungen déi dreiwend Kraaft vun der wirtschaftlecher Weiderentwécklung sinn.
De Begrëff „Drëtt Welt“ staamt aus den 1950er Joren an hat dunn e politeschen Nogeschmaach, well en op d'blockfräi Staaten, déi weeder dem kommunisteschen nach dem kapitalistesche Block zougeuerdent konnte ginn, higewisen huet.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Entwécklungsland, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.