De Roy Reding, gebuer de 17.
Juli">17. Juli 1965 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Affekot a Politiker.
Roy Reding | |
---|---|
Gebuer | 17. Juli 1965 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Affekot |
Partei | Liberté - Fräiheet! |
Hien hat laang op RTL Radio Lëtzebuerg eng Rubrik, wou hien den Droit einfach erkläert huet.
1999 gouf hien am Ballottage an de Gemengerot vu Fëschbech bei Miersch gewielt.
Hie war Member vun der LSAP déi hien no 2005 verlooss huet fir der ADR bäizetrieden. Do gouf hie Generalsekretär an duerno ee vun hire Vizepresidenten.
Bei de Wale vum 20. Oktober 2013 gouf hie fir déi Partei an d'Chamber gewielt, a bei deene vum 14. Oktober 2018 erëmgewielt. Enn Juni 2023 huet seng Partei decidéiert, hien net méi fir d'Chamberwale vum 8. Oktober opzesetzen, wouropshin de Reding aus der ADR ausgetrueden ass. Zanter dem 30. Juni 2023 bis zu de Chamberwalen den 8. Oktober 2023 war hie Member vun enger eegener politescher Sensibilitéit mam Numm Liberté Fräiheet. Fir d'Chamberwalen huet hien och mat der Beweegung Liberté - Fräiheet! kandidéiert.
Bei de Gemengerotswalen 2017 gouf hien an de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg gewielt, wou hien am November 2022 demissionéiert huet.
Am Januar 2024 huet hien an engem Interview erkläert, datt politesch Ämter hien net méi interesséiere géifen an hien deemno keng ëffentlech Persoun méi wier. Hien hätt eng nei Aarbecht, déi aus enger Mëschung tëschent Juristerei und Immobilie bestoe géif. 3 bis 4 Méint am Joer géif hien a Südafrika verbréngen.
Bernard Thomas: " 'Mir sinn einfach Namasté'." d'Lëtzebuerger Land Nr. 48, 02.12.2022, S.6 (Portrait).
Commons: Roy Reding – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Roy Reding, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.