São Tomé A Príncipe

São Tomé a Príncipe, offiziell Demokratesch Republik São Tomé a Príncipe (op Portugisesch: República democrática de São Tomé e Príncipe), ass en Inselstaat am Golf vu Guinea an Zentralafrika. Den Archipel läit ongeféier 200 km virun der Afrikanescher Küst westlech virun Equatorialguinea a Gabun.

São Tomé a Príncipe

Fändel vu São Tomé a Príncipe

Wope vu São Tomé a Príncipe

Detailer

Detailer
National Devise: "Unidade - Disciplina - Trabalho"
(Eenheet, Disziplin, Aarbecht)
São Tomé A Príncipe
Offiziell Sprooch: Portugisesch
Haaptstad: São Tomé
 • Awunner: 71 868
 • Koordinaten: 0°20′N 6°44′E
Staatsform: Republik
 • President: Carlos Vila Nova
 • Premierminister: Jorge Bom Jesus
Fläch: 1 001 km² (184.)
 • Dovu Waasser: 0 %
Bevëlkerung: 2011 028 (2018)
 • Bevëlkerungsdicht: 186/km²
Onofhängegkeet: 12. Juli 1975 (vu Portugal)
Nationalfeierdag: 12. Juli
Nationalhymn: Independência total
Wärung: Dobra (STD)
Zäitzon: UTC +0
Internet TLD: .st
Internationalen
Telefonsprefix
:
+239
São Tomé A Príncipe

Geographie

São Tomé a Príncipe ass no de Seychellen den zweetklengsten afrikanesche Staat. E besteet aus den zwou Haaptinsele São Tomé a Príncipe, déi aus Vulkanen entstane sinn, déi haut net méi aktiv sinn. Et gehéieren nach e puer Inselcher zum Inselstaat, wéi beispillsweis d'Insel Rolas südlech vu São Tomé, déi direkt um Equator läit.

Iwwer 90 % vun den Awunner liewen op São Tomé. Op dëser Haaptinsel, déi 48 km laang an 32 km breet ass, läit d'Haaptstad déi de selwechten Numm huet: São Tomé. Den héchste Bierg ass 2.024 m héich.

Déi méi kleng Haaptinsel Príncipe läit 152 km nordwestlech vu São Tomé an ass 16 km laang a 6 km breet. Déi héchst Kopp ass 927 m héich.

Klima

Den equatoriale Klima variéiert vun extreem fiicht bis semiarid. Et gëtt zwou kloer definéiert Saisonen, déi waarm Saison, vu September bis Mee, an eng kill Saison vu Juni bis August. D'Lofttemperatur huet eng Joresmoyenne vu maximal 29,4 °C a minimal 21,4 °C. Extremwäerter kënnen no uewen 32,4 °C an no ënne 15,4 °C erreechen. An der killer Joreszäit ass d'Wieder am agreabelsten, et bléist eng konstant erfrëschend Lëftchen.

Sproochen

Nieft der offizieller Sprooch Portugisesch, déi als Lingua franca benotzt gëtt, ginn zu São Tomé a Príncipe nach dräi Variante vu Kreol geschwat, déi op d'Portugisescht a westlech Bantu-Sproochen zeréckzeféiere sinn:

  • Forro (och nach Saotomense genannt, op São Tomé)
  • Lunguye (och nach Principense genannt, op Príncipe) an
  • Angolar (mat der angolanescher Sprooch Kimbundo Famill, op São Tomé).

Politik

D'Republik besteet zanter der Onofhängegkeet 1975. D'Verfassung datéiert vun 1990. D'Parlament (Assembléia Nacional) huet 55 Memberen, déi fir véier Joer gewielt ginn. De President gëtt all fënnef Joer direkt gewielt. Mat 18 Joer däerf ee wiele goen.

Geschicht an Ekonomie

Den Archipel gouf vun de Portugisen am 15. Joerhonnert entdeckt an zu hirem Besëtz erkläert. D'Ekonomie huet Joerhonnerte laang op Sklaverei a Plantage gefousst, fir d'éischt gouf Zocker produzéiert, am 19. Joerhonnert du verstäerkt Kaffi a Kakao. Obwuel d'Sklaverei offiziell ofgeschaaft war, hunn änlech Produktiounsweise bis an d'20. Joerhonnert eran iwwerlieft. 1908 ass den Archipel weltwäit dee gréisste Kakaosproduzent ginn. Haut ass dat net méi de Fall, mä Kakao ass nach ëmmer e wichtegt Exportprodukt.

Literatur

  • Kathleen Becker (2008). Sao Tomé and Príncipe. 1st edition, 240 p. Bradt travel guides. Bucks, UK. ISBN 978-1-84162-216-3.

Um Spaweck

Commons: São Tomé a Príncipe – Biller, Videoen oder Audiodateien
São Tomé A Príncipe 
De Süde vun der Insel São Tomé mat Vue op d'Insel Rolas.
São Tomé A Príncipe 
Satellittebild (NASA)

Tags:

São Tomé A Príncipe GeographieSão Tomé A Príncipe KlimaSão Tomé A Príncipe SproochenSão Tomé A Príncipe PolitikSão Tomé A Príncipe Geschicht an EkonomieSão Tomé A Príncipe LiteraturSão Tomé A Príncipe Um SpaweckSão Tomé A Príncipe

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

29. Abrëll1945Charles MarxOns HeemechtSchwedenVera TschechowaEric ThillLuc FriedenSarah Schreiber10. JanuarD'MargréitchenKanton DikrechObligatiounFarley GrangerJemp SchusterAsienE-BassIsraelRaymond ClementKapitalismusSpotifyErnest Arendt (Affekot)Spueneschen TiermchenMuselVerluerekaschtMontanaEugène WolffJean-Pierre FlohrLëscht vun de lëtzebuergesche SpréchwierderMinettstramtmxsxvietnamHousekerStamm (Biologie)Donald TrumpNuméro d'identification national (Lëtzebuerg)Leschte SteiwerVk.comLaosFernand MertensOpen SourceHoratio Herbert KitchenerUruguayGriichelandKanton Esch-UelzechtSerge TonnarNorbert BeckerStëbssuckelerPéiterséileginselCapellenMielDoudege Wénkel (Film)LissabonMailand2. MäerzKommunikatiounssatellitTony AwardsDäitsch-OthPatxi Xabier Lezama PerierRenée WagenerAkustesche BassNicolas WampachLuxair29. JanuarSynagog Stad LëtzebuergBleachLëscht vun de Vullen zu LëtzebuergKrimkrichHenri vu Lëtzebuerg🡆 More