En Archipel , vum laténgeschen Archipelagus, bezeechent eng inselräich Mieresgéigend.
Am wëssenschaftleche Sënn ëmfaasst en Archipel d'Land- a Mieresgebitter vun enger inselräicher Regioun. De Begrëff gëtt haut meeschtens als Synonym fir Inselgrupp benotzt, enger Usammlung vun Inselen déi relativ no beienee leien.
D'Wuert Archipel besteet aus den zwéi griichesche Begrëffer αρχι- (archi- = "Haapt-") an πέλαγος (pelagos = "Mier") an huet ursprénglech nëmmen déi inselräich Géigenden an der Egäis bezeechent. Eréischt zanter dem Ufank vum 13. Joerhonnert gi Mieresregioune mat gréisseren Inselgruppen – baussent der griichescher – och als Archipel bezeechent.
Den Ënnerscheed zu enger renger Inselgrupp ass evident: eng Inselgrupp ass eebe just eng Grupp vun Inselen; den Archipel ëmfaasst eng Inselgrupp zesumme mat dem Mier wat dertëscht a ronderëm läit.
Commons: Archipelen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Archipel, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.