E Vulkan ass eng Plaz op der Äerduewerfläch, wou Magma erauskënnt.
Do, wou déi erausprojezéiert gëtt oder erausleeft, entsteet e kegel- oder schëldfërmege Bierg mat engem Krater op der Spëtzt. All Virgäng, bei deene fest, flësseg oder gasfërmeg Stoffer aus der Äerd op d'Uewerfläch kommen, heesche Vulkanismus.
Wann d'Energie aus der Déift vun der Äerd bis bei Äerdkuuscht kënnt räisst se s'auserneen. Déi Hëtzt, déi eropkënnt, deet e Vulkan späizen an d'Äerd seismech zidderen.
D'Äerdplacken, déi déi baussecht Schicht vun der Äerd bilden, ginn no ënne gezunn, wou se deelweis duerch déi enorm Hëtzt schmëlzen. Doduerch kënnt da Magma erop a formt Vulkanketten. Op enger aner Plaz komme Sailen aus waarme Gestengs, Plumes genannt, erop. D'Lava kënnt aus sougenannten Hotspots erausgefloss a léisst Vulkaninselen entstoen.
All déi Prozesser erstinn duerch de gliddegen Äerdkär, deen all seng Hëtzt no baussen ofgëtt, wéi och duerch radioaktiv Prozesser am Äerdmantel an der Äerdkuuscht.
Vill explosiv Vulkaner hu vill Schichte vu Material vun hire villen Ausbréch. Déif am Vulkan läit e Reservoir mat flëssegem Gestengs. Iwwer dëser Magmakummer féiert e Schaarschtech bei de Krater. Dee kann duerch déi erstarrt Lava zou sinn. Den Drock, dee sech duerch de Magma, een no uewe wëll kommen, entsteet, féiert dozou, datt dee Stopp ewechexplodéiert an de Magma erausgeschleidert gëtt.
D'Form vun engem Vulkan hänkt virun allem vu senger Lava of. Et gëtt sechs verschidde Forme vu Vulkaner:
Vulkaner entstinn do wou de Magma sech säi Wee duerch d'Äerdkuuscht sicht an dat meeschtens do wou scho Rëss sinn. Do fléisst de Magma dann un d'Äerduewerfläch oder op de Fong vum Mier. An den Tëscheraim vun den tektonesche Placken bilt d'Magma eng nei Äerdkuuscht an en neie Vulkanréck. Si kënne sech awer och a sou enger Plack bilden. Si ginn duerch déi sougenannt Hotspots am Äerdmantel verursaacht.
Et gëtt ronn 1.500 Vulkaner op der Äerd déi aktiv sinn. Déi meescht sinn net ze gesinn, well si um Grond vun de Mierer sinn.
Numm vum Vulkan (Lag) | Héicht (m) |
---|---|
Ojos del Salado (Argentinien/Chile) | 6.885 |
Guallatiri (Chile) | 6.060 |
Cotopaxi (Ecuador) | 5.897 |
Lascar (Chile) | 5.641 |
Tupungatito (Chile) | 5.640 |
Popocatepetl (Mexiko) | 5.451 |
Ruiz (Kolumbien) | 5.321 |
Sangay (Ecuador) | 5.230 |
Kljutschewskaja Sopka (Russland) | 4.850 |
Purace (Kolumbien) | 4.590 |
Commons: Vulkaner – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Vulkan, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.