De Francisco Franco Bahamonde gebuer de 4.
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Dezember">4. Dezember 1892 zu Ferrol a Galicien, a gestuerwen den 20. November 1975 zu Madrid war e spueneschen Offizéier a Politiker.
Francisco Franco | |
---|---|
Gebuertsnumm | Francisco Paulino Hermenegildo Teódulo Franco Bahamonde |
Gebuer | 4. Dezember 1892 |
Gestuerwen | 20. November 1975 Madrid |
Doudesursaach | Häerzschwächt |
Nationalitéit | Spuenien |
Aktivitéit | Offizéier, Militär, Politiker, Herrscher, Dréibuchauteur |
Nom Militärputsch géint déi zweet spuenesch Republik, war hie Staatschef vum Abrëll 1939 bis zu sengem Doud am November 1975.
De Franco ass 1892 ënner dem Numm Francisco Paulino Hermenegildo Teódulo Franco Bahamonde¨gebuer. Hie war de Jong vum Offizéier Nicolás Franco a senger Fra der María del Pilar.
1904 ass hie bei d'Marinn fir eng Ausbildung gaangen, gouf awer net op d'Akademie vun der Marinn zougelooss. Dofir ass hien an d'Akademie fir d'Infanterie op Toledo gaangen. 1910 hat hie säin Ofschloss vun der Militärausbildung a gouf zum Ënnerleitnant vun der Arméi ernannt an zu Ferrol stationéiert.
1912 gouf hien a Marokko versat an huet do am Kolonialkrich gekämpft. E Joer duerno gouf hien zum Läitnant ernannt, woumat seng Militärcarrière ugefaangen huet.
1922 gouf de Franco Kommandant vun der spuenescher Friemelegioun. Ee Joer méi spéit gouf hie mat der Carmen Polo bestuet.
Den 3. Februar 1926 gouf e mat knapps 33 Joer zum Generol ernannt a war deemools de jéngste Generol an der moderner Geschicht vun Europa. 1928 gouf hie Chef vun der Militärakademie zu Zaragoza.
1935 gouf hien ieweschte Kommandant vun der Arméi.
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Commons: Francisco Franco – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Francisco Franco, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.