D'Atmosphär ass de gasfërmege Mantel ëm een Himmelskierper.
Si besteet meeschtens aus engem Gemësch vu verschiddene Gasen, déi vum Schwéierfeld vum Himmelskierper festgehale ginn. D'Atmosphär ass op der Uewerfläch am dichtsten a geet bei groussen Héichte fléissend an den interplanetaresche Raum iwwer.
Bei der Entwécklung vun enger Atmosphär spille vill Faktoren eng Roll. Als éischt d'Mass vum Himmelskierper, säi Radius a seng Uewerflächentemperatur, souwéi d'Mass vun den eenzele Gasdeelercher. Mass a Radius bestëmmen d'Schwéierfeld op der Uewerfläch. D'Schwéierfeld muss dobäi kräfteg genuch sinn, fir datt d'Gasdeelercher, déi an der Reegel aus Ausgasungen ervirginn, un den Himmelskierper gebonne bleiwen an net an de Weltraum fortfléien.
No der kinetescher Gastheorie beweege sech d'Gasdeelercher duercherneen an dobäi ëmsou méi séier, wat se méi liicht sinn a wat d'Temperatur vum Gas méi héich ass. Wann d'Unzéiungskraaft net duergeet fir de Verloscht vu séieren Deelercher op laang Zäit ze begrenzen, sou datt et zu enger positiver Deelerchersbilanz kënnt (also méi Gasdeelercher duerch Ausgasungen derbäikommen, wéi duerch d'Iwwerwanne vun der Gravitatioun verluer ginn), da ka sech och keng Atmosphär entwéckelen.
Dobäi spillt nieft der Gréisst och d'Uewerflächentemperatur vum Himmelskierper eng Roll, déi net ze grouss däerf sinn. Och d'Aart vun de Gasdeelercher ass wichteg, well zum Beispill eng Atmosphär aus Waasserstoff oder Helium méi schwéier un e Planéit ze bannen ass, wéi eng aus Sauerstoff oder Stéckstoff. Dat läit dorun, datt sech liicht Gasdeelercher bei gläicher Temperatur méi rapid beweege wéi schwéier Gasdeelercher. Atmosphären, déi Elementer wéi Waasserstoff a gréisserem Ëmfang enthalen, fanne sech dofir virun allem bei de masseräiche Gasrisen, där hir Gravitatioun grouss genuch ass.
Zum Schluss ass nëmmen eng kleng Wéinegkeet vun Himmelskierperen an der Lag, eng Atmosphär ze bilden a laangfristeg u sech ze bannen. Sou huet zum Beispill den Äerdmound als den nächste Noper vun der Äerd keng Atmosphär.
Den Drockverlaf vun enger Atmosphär, am Fall vun der Äerdatmosphär vum Loftdrock, ass an den ënneschte Beräicher duerch d'hydrostatesch Equatioun bestëmmt, déi bei am Verglach zum Planéiteradius dënner Atmosphäre follgendermoosse beschriwwe gëtt:
D'Aflossgréisste sinn den Drock p, d'Héicht h, d'Schwéieretempo g an d'Dicht ρ. Am Fall vu konstanter Temperatur reduzéiert sech d'Equatioun zu der barometrescher Héichteformel. Am baussenzege Beräich gëllt déi Beschreiwung awer net méi, well sech d'Bestanddeeler opgrond vun der klenger Dicht op Keplerbunnen oder Magnéitfeldlinne beweegen a sech géigesäiteg knapps nach beaflossen.
Follgend Schichte kann een nom Temperaturverlaf ënnerscheeden:
Dës Glidderung stellt nëmmen eng graff Andeelung duer, an net all Schicht ass bei allen Atmosphären nogewisen. Sou huet d'Venus zum Beispill keng Stratosphär, kleng Planéiten a Mounden hunn nëmmen eng Exosphär, zum Beispill de Merkur.
Et kann een d'Atmosphär och no follgende Gesiichtspunkten opglidderen, wéi:
Vergläicht een d'Himmelskierpere vun eisem Sonnesystem mateneen, sou weist sech den Afloss vun de Faktoren, déi beim Entstoe vun enger Atmosphär relevant sinn.
Ënner de Planéiten ass d'Äerd an der Lag, schwéier Elementer wéi Argon (Ar) an der Atmosphär ze halen, liicht Elementer wéi Waasserstoff (H2) oder Helium (He) huet si awer am Laf vun hirer Entwécklung verluer. Dës liicht Bestanddeeler weise sech dofir ëmsou méi däitlech bei de baussenzege Planéiten, de sougenannte Gasrisen, wéi de Jupiter, de Saturn, den Uranus an den Neptun. Och bei Planéite vun anere Stäresystemer – d'Exoplanéiten – konnte mat spektrografesche Methoden Atmosphären nogewise ginn.
Nieft verschiddene Planéiten huet och de grousse Saturnmound Titan eng dicht Atmosphär. Déi gréisst Mounde Ganymed, Io, Europa an den Äerdmound hu wéi de Planéit Merkur nëmmen eng Exosphär.
Planéit/ Zwergplanéit/ Mound | Drock (hPa) | H2 | He | N2 | O2 | CO2 | CH4 | H2O | Diverses | Bemierkungen |
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Merkur | 10−15 | 22 % | 6 % | Spueren | 42 % | Spueren | – | Spueren | 29 % Natrium, 0,5 % Kalium | nëmmen Exosphär |
Venus | 92.000 | – | 12 ppmv | 3,5 % | – | 96,5 % | – | 20 ppmv | 150 ppmv Schwiefeldioxid | keng Mesosphär |
Äerd | 1.013 | 0,5 ppmv | 5,24 ppmv | 78,084 % | 20,946 % | 0,04 % | 2 ppmv | ~ 0–4 % | 0,93 % Argon | Äerdatmosphär |
Äerdmound | 3 • 10−10 | 23 % | 25 % | – | – | Spueren | Spueren | – | 20 % Argon, 25 % Neon | nëmmen Exosphär |
Mars | 6,36 | – | – | 2,7 % | 0,13 % | 95,32 % | ~ 3 ppbv | 210 ppmv | 1,6 % Argon | |
Jupiter | >106 | 89,8 % | 10,2 % | – | – | – | ~ 0,3 % | ~ 4 ppm | Gasris | |
Saturn | >106 | 96,3 % | 3,25 % | – | – | – | ~ 0,45 % | – | Gasris | |
Uranus | >106 | ~ 82 % | ~ 15 % | – | – | – | ~ 2,3 % | – | Gasris | |
Neptun | >106 | ~ 80 % | ~ 19 % | – | – | – | ~ 1,5 % | – | Gasris | |
Pluto | 0–0,005 | – | – | jo | – | – | jo | – | Ausdeenung variéiert | |
Europa | 10−9 | – | – | – | 100 % | – | – | – | Jupitermound | |
Titan | 1.467 | – | – | 98,4 % | – | – | 1,5 % | – | 0,1 % Argon | Saturnmound |
Triton | 0,01 | – | – | 99,9 % | – | – | 0,1 % | – | Neptunmound |
Commons: Planetaresch Atmosphären – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Atmosphär, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.