Exosphär

D'Exosphär (vum griichesch έξο éxo‚ baussen, baussenzeg‘ an σφαίρα sphaĩra ‚Kugel‘) ass baussenzeg Schicht vun der Äerdatmosphär.

Si markéiert de fléissenden Iwwergank an den interplanetaresche Raum, ass awer no der Definitioun vun der NASA an der Fédération Aéronautique Internationale schonn en Deel dovun.

Exosphär
Opbau vun der Äerdatmosphär

D'Exosphär schléisst un d'Thermosphär un a fänkt (no ënnerschiddleche Quellen) ongeféier an enger Héicht tëscht 400 km an 1000 km un. Hir baussenzeg Grenz gëtt mat ronn 10.000 km uginn. Allerdéngs ass d'Grenz net genee definéiert, well d'Gasdicht stänneg ofhëlt an theoreetesch ni de Wäert null erreecht.

Charakteristik

Exosphär 
Duerchschnëttlech Temperatur a molar Mass vun der Loft an Ofhängegkeet vun der Héicht

D'Exosphär ass en Deel vun der Heterosphär, dat heescht vun deem Atmosphäreberäich vun ongeféier 120 km Héicht un, an deem sech d'Gasen a Funktioun vun hiren Atommassen entmëschen a schichten. Vun enger Héicht vun 1000 km un, kënnt nëmme méi Waasserstoff als de liichtste Gas vir, dee Beräich gëtt Geokorona genannt.

All Deelercher an der Exosphär si gréisstendeels ioniséiert.

D'Exosphär ass déi eenzeg Atmosphäreschicht, aus där Gasmoleküllen duerch hir eege Vitess d'Gravitatiounsfeld vun der Äerd verloosse kënnen, well sou wéineg Deelercher disponibel sinn, datt hir Bremswierkung vernoléissegt ka ginn. D'Exosphär gëtt dofir och als Dissipatiounssphär bezeechent.

Déi héich Temperatur an der Exosphär vun iwwer 1000 °C, resultéiert aus der Vitess vun den Deelercher (séier Deelercher entspriechen héijen Temperaturen). E gewéinlechen Thermometer géif allerdéngs Temperaturen no beim absolutten Nullpunkt uweisen, well d'Gasdicht an där Héicht vill ze kleng ass, fir e miessbare Wäermttransport ze bewierken.

Exosphär bei aneren Himmelskierper

Och aner Planéiten oder Mounden hunn eng Exosphär, sou zum Beispill de Planéit Merkur, an och eisen Äerdmound.

Kuckt och

Exosphär  Portal Astronomie

Um Spaweck

Referenzen

Tags:

Exosphär CharakteristikExosphär bei aneren HimmelskierperExosphär Kuckt ochExosphär Um SpaweckExosphärAtmosphär vun der ÄerdGriichelandInterplanetaresche RaumNASA

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Gaston ReineschBockfielsDéi GréngPierre FriedenGustave SertaEldoradioLëtzebuerger KantonenTali GolergantDomaine public5. MeeCQ (Film)MonotheismusWëllem IV. vu LëtzebuergBuerg SimmerSchlesienCroix de Guerre (Lëtzebuerg)2006DesniéWebsäitLaosPhilippe Schneider, de Mann mat der KameraBiergerdagFarley GrangerAlain AttenGeorges Ravarani1323Clinique Saint-FrançoisPersesche GolfJoerKanton LëtzebuergD'Pierle vum DaUn der AtertTelekommunikatiounHellespontCôte de StockeuHypertext Markup LanguageHämmelsmarschWanterHaaptsäitDëppegéisser (Museksgrupp)StiefesdagWeltgesondheetsorganisatiounPierre RauschLyme-BorreliosJoanne GoebbelsJemp SchusterKnuedler29. JanuarLëscht vun de Membere vum Lëtzebuerger StaatsrotAsienBlogGriichelandKolerLëtzebuergesch KichespezialitéitenRenée WagenerMars Science Laboratory1675Koordinéiert WeltzäitActioun LëtzebuergeschPhilippinnenLiège-Bastogne-Liège 2022Horatio NelsonTom JungenLee Van CleefPoison (Film 2023)Manneken PisJeannot LunkesEric ThillMichel GehrendD'MargréitchenTony Awards🡆 More