Eng Programméiersprooch ass eng standardiséiert Kommunikatiounstechnik fir engem Computer Instruktiounen ze ginn.
Dësen Informatiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
E Programméierer muss sech un d'syntaktesch a semantesch Reegele vun enger Programméiersprooch halen, fir e Computerprogramm ze schreiwen, deen dem Computer seet, mat wat fir Donnéeën e schaffe solle a wat mat hinne geschéie soll, dacks ofhängeg vun internen oder externen Ereegnisser, wéi z. B. engem Mausklick op en OK-Knäppchen.
E Computer kann nëmmen am Binär-System schaffen (mat Nullen an Eenten). Wann een elo e Programm schreiwe wëll, da misst een deemno och am Binär-System de Programm schreiwen – fir datt een dat awer net muss, gëtt et sougenannte Programméiersproochen. Wann een e Programm geschriwwen huet a sou enger Programméiersprooch, da gëtt de Quelltext vun engem spezielle Computerprogramm, engem Compiler an de Binär-System ëmgesat, soudatt de Computer et och versteet.
Commons: Programméiersproochen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Programméiersprooch, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.