Cricket ass eng Ekippesportaart, déi a Groussbritannien entstanen ass a virun allem an de Länner vum Commonwealth populär ass.
Cricket gëtt tëscht zwou Ekippe vun 11 Spiller gespillt. Den Terrain ass oval, 135 Meter op 150, a meeschtens aus Wues. An den Ekippe sinn déi meescht Spiller spezialiséiert: déi eng éischter als Batteur, déi aner als Werfer, verschiddener si gläich gutt an deenen zwou Funktiounen. Da gëtt et nach eng Zort Golkipp, de Wicket-Keeper deen eng extra Schutzkleedung unhuet an hanner dem Batteur placéiert ass.
Déi baussenzeg Begrenzung (Boundary) gëtt virun dem Spillufank markéiert, z. B. mat engem Seel. An der Mëtt vum Feld fënnt een eng besonnesch preparéiert, 20 Meter laang an 3 Meter breet Sträif, déi Pitch oder Wicket heescht. Op all Enn vum Pitch sinn dräi Pottoen (Stumps) opgestallt, tëscht deene laange Pottoe gi méi kleng Spéin de queesche Wee gesat (Bails). D'Stumps an d'Bails zesumme gi wéi gesot Wickets genannt.
D'Matchstruktur hänkt dovun of op am Summer oder am Wanter gespillt, iwwer een Dag oder iwwer 3, 4 oder 5 Deeg.
Bei just engem Dag gëtt d'Zuel vun Overs festgeluecht an da muss all Mannschaft esouvill Overs geheien. D'Mannschaft, déi méi Runs mécht, ass de Gewënner.
Iwwer 3, 4 oder 5 Deeg gëtt et keng Limitt vun den Overs. Eng Ekipp muss all d'Spiller vun där aner Ekipp „aus “ (out) kréien, an dat muss zweemol iwwer fënnef Deeg geschéien, fir datt e Resultat zielt. Wann dat awer net de Fall ass, da gëtt de Match als Draw oder ouni Resultat erkläert.
D'Feldekipp huet d'Zil, de géigneresche Batteur auszemaachen (to dismiss), d. h. d'Spiller vun der Feldekipp sollen en sou séier wéi méiglech aus dem Spill geheien. All Batteur spillt esoulaang bis datt hien aus ass an e gëtt da mam nächste Batteur, deen an dësen Innings nach net un der Rei war, ersat. Sou bal 10 vun 11 Batteuren aus sinn (et schwätzt ee vun all out), ass den Inning um Enn (da wiesselt d'Schlorecht) respektiv ass d'Spill fäerdeg.
D'Ausscheede vum Batteur gëtt och als Wicket bezeechent, onofhängeg dovun, ob d'eigentlecht Wicket dru bedeelegt war oder net. Sou e Wicket kann op 10 ënnerschiddlech Manéiere virkommen:
Cricket gëtt zanter 1976 zu Lëtzebuerg gespillt. Am Ufank gouf zu Bäreldeng gespillt, do, wou haut e Fast-food-Restaurant steet; haut läit den Terrain zu Walfer, tëscht den Tenniscourten an der Pidalschwämm. En zweeten Terrain ass zu Iewrengen (Robert Schuman Oval), déi Säit vu Fréiseng.
Am Wanter gëtt "Indoor"-Cricket gespillt. D'Format dofir ass e bëssen anescht an adaptéiert.
Et gëtt zeng Hären- an dräi Dammenekippen.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Cricket zu Lëtzebuerg.
Commons: Cricket – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Cricket, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.