De Richard Avedon gebuer de 15.
Dëse Fotografiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Mee">15. Mee 1923 zu New York City, a gestuerwen den 1. Oktober 2004, war en US-amerikanesche Fotograf a Portraitist. Hie gëtt nieft dem Irving Penn als ee vun de gréissten zäigenësseschen amerikanesche Fotografe betruecht.
Richard Avedon | |
---|---|
Gebuer | 15. Mee 1923 New York |
Gestuerwen | 1. Oktober 2004 San Antonio |
Doudesursaach | intrazerebral Bluddung |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | Columbia University |
Aktivitéit | Moudefotograf, Designer, Fotograf |
Member vun | American Academy of Arts and Sciences |
Famill | |
Bestuet mat | Doe Avedon |
Den Avedon kënnt als Bouf vun engem Moudegeschäftsbesëtzer (Damemouden) op d'Welt. Hie studéiert op der Columbia University, an et ass an der Zäit vu sengem Militärdengscht bei der Marinn wéi hien ugefaangen huet sech fir d'Fotografie z'intresséieren.
De Richard Avedon ass den 1. Oktober 2004 an Texas un enger Gehierbluddung am Alter vun 81 Joer gestuerwen.
Vum Mäerz 1979 bis den October 1984 schafft den Avedon un engem neie Projet. Fir den Amon Carter Museum of Western Art vu Fort-Worth (Texas) reest hie mat zwéin Assistenten duerch 17 US-Staate fir Portraiten ze maachen. Mat enger aler Daedorff-Kummerkamera vun 8x10 Zoll fotograféiert hien iwwer 750 Mënschen. Als Hannergrond hëlt e wäisse Pabeier, dräi Meter héich an 2,50 m an der Breet. Hie stellt sech net hanner den Apparat, mä niewendrun. D'Objektiv ass annerhallwe Meter vun de Leit ewech.
Commons: Richard Avedon – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Richard Avedon, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.