Den Albert Kratzenberg, gebuer den 8.
Abrëll">8. Abrëll 1890 zu Klierf a gestuerwen och do den 23. Mee 1966, war e lëtzebuergesche Sculpteur a Graphiker.
Albert Kratzenberg | |
---|---|
Gebuer | 8. Abrëll 1890 Klierf |
Gestuerwen | 23. Mee 1966 Klierf |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Sculpteur |
Famill | |
Geschwëster | Damien Kratzenberg |
No der Handwierkerschoul zu Lëtzebuerg huet den Albert Kratzenberg zu Karlsruhe an op der Konschtakademie zu Berlin studéiert. Duerno huet hien e puer Joer an Däitschland, am Bezierk Stettin an zu Hildesheim geschafft,.
1919 koum hien op Lëtzebuerg zeréck, wou hie Coursen am Zeechnen an an der Skulptur zu Esch-Uelzecht ginn huet. Am Joer 1930 ass hie “Professer” an der Escher Beruffsschoul ginn.
Fir d'Weltausstellung 1937 zu Paräis huet hien, zesumme mat de Sculpteuren Aloyse Deitz, Ernest Grosber a Léon Nosbusch, d'Skulpturaarbechte vum Relief Vue panoramique de la Ville de Luxembourg no enger Zeechnung vum Pierre Blanc un der Haaptfassad vum Lëtzebuerger Pavillon ausgefouert,.
Op der Weltausstellung 1939/1940 zu New York gouf seng monumental Skulptur L'allégorie de l'artisanat ausgestallt.
1928 an 1932 krut hien de Prix Grand-Duc Adolphe.
Hien huet an den 20er Jore vum 20. Joerhonnert, wéi d'Haaptportal vun der Kathedral restauréiert gouf, d'Statu vum hellegen Niklos geschaaft.
Wéinst senger Haltung wärend der Nazi-Occupatioun am Zweete Weltkrich ass den Albert Kratzenberg am Januar 1947 zu Lëtzebuerg zu sechs Joer Prisong an zum Verloscht vun der lëtzebuergescher Nationalitéit condamnéiert ginn. Hie war de Brudder vum Damien Kratzenberg.
Commons: Albert Kratzenberg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Albert Kratzenberg, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.