De Caspar Mathias Spoo, gebuer als Gaspar Spoo de 7.
Januar">7. Januar 1837 zu Iechternach a gestuerwen de 17. Mäerz 1914 zu Esch-Uelzecht, war e lëtzebuergeschen Industriellen a Politiker.
Caspar Mathias Spoo | |
---|---|
Gebuer | 7. Januar 1837 Iechternach |
Gestuerwen | 17. Mäerz 1914 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Schrëftsteller, Dichter |
De Spoo, deem seng Elteren Aarbechter an der Faience-Fabrick Dondelinger waren a scho fréi gestuerwe waren, huet a jonke Joren am Staatsdéngscht ugefaangen ze schaffen, fir sech a seng Gesëschter iwwer Waasser ze halen. En huet seng Plaz bei der Post opginn[Wéini ?], fir mam André Duchscher, deen hie scho vu Jonktem u kannt huet, d'Société Duchscher Frères et Spoo, d'Wecker Schmelz, ze grënnen.
Nodeem e vun 1886 un zwee Joer als Comptabel op der Diddelenger Schmelz geschafft hat, huet e sech 1888 selbststänneg gemaach an zu Esch-Uelzecht eng Quincaillerie mat Konstruktiounsatelier fir Kachmaschinnen, Kesselen, Teimeren, asw. opgemaach: d'Maschinenfabrik Spoo & Co...
Do donieft huet hie sech politesch engagéiert. E gouf 1893 an den Escher Gemengerot an 1896 an d'Chamber gewielt. Als Éischten huet hien, zesumme mam Michel Welter, zu Lëtzebuerg moderne Walkampf gemaach, andeems en e Programm opgestallt a publizéiert huet, Rieden doruechter gehalen huet, asw. Politesch war de Spoo dem lénksliberale (Kleng-)Biergertum zouzerechnen; hien huet sech, ënner dem Afloss vum André Duchscher, fir d'allgemengt Walrecht, fir eng successiv Besteierung a fir allgemeng Sozialversécherungen agesat. Hien huet och de Bau vun enger Industrieschoul an engem Meedercherslycée zu Esch gefuerdert a sech allgemeng dofir engagéiert, datt de Kanton Esch-Uelzecht, deen duerch d'Industrialiséierung wirtschaftlech an demographesch staark u Gewiicht gewonnen hat, besser an der Chamber sollt vertruede sinn. Säi soziaalt Engagement an der paternalistescher Traditioun vum 19. Joerhonnert huet him de Bäinumm "Pappa Spoo" abruecht.
Hie war mat der Barbe Kiesel bestuet a Papp vun ë. a. dem Armand Spoo. Bei sengem Begriefnes um Escher Jousefskierfecht huet de Michel Welter d'Läicheried gehalen. Hien huet de Spoo "d'Gewësse vum lëtzebuergesche Sozialismus" genannt..
Scho wéi en den 10. November 1896 den Eed als neien Deputéierte an der Chamber sollt ofleeën, huet de Spoo - op Lëtzebuergesch - e Playdoyer dofir gehalen, d'Verfassung misst geännert ginn, well do nach ëmmer vun engem "Kinnek-Groussherzog" rieds wier (zanter 1890 hat Lëtzebuerg mam Adolphe en 'eegene' Groussherzog), an och, fir datt do d'allgemengt Walrecht sollt festgeschriwwe ginn.
Och seng eigentlech Untrëttsried, den 9. Dezember 1896 huet de Spoo op Lëtzebuergesch gehalen, an huet do dra gefuerdert, datt Lëtzebuergesch an der Chamber sollt däerfe geschwat ginn. Intressant war d'Justifikatioun dofir, déi en an der Ried ginn huet: De Gebrauch vum Lëtzebuergesche wier duerch den Artikel 29 vun der Verfassung vun 1868 gedeckt, deen Däitsch a Franséisch als Amtssproochen definéiert huet A Lëtzebuergesch wier nun eemol Däitsch ("Ons Sprôch as dĕ deitsch!"), an nawell "méi al a méi éierwäert [...] wéi dat sougenannt Houdäitsch." Se wier "ee vun de gesontesten a räichsten Idiome vun der germanescher Zong", deen "e feierfeste Geldschaf voll kosperer Sproochpierelen a Wierder" enthale géif. Doropshin huet d'Chamber ofgestëmmt, ob en Deputéierten d'Recht soll hunn, fir an der Chamber Lëtzebuergesch ze schwätzen. Alleguer hu se géint dem Spoo säi Virschlag gestëmmt, bis op den Deputéierte Brincour, dee sech enthalen huet, well fir deen déi "konstitutionell Fro" net kloer war.
De Spoo war iwwregens net deen Éischten, deen an enger Chambersëtzung Lëtzebuergesch geschwat huet: An der Chambersëtzung, den 28. Abrëll 1848 zu Ettelbréck, wou et drëms goung, ob Lëtzebuerg sech sollt un der Frankfurter Nationalversammlung bedeelegen, ass de Karl Mathias André matzen an enger Ried vu Franséisch op Lëtzebuergesch gewiesselt, an den Norbert Metz huet him op Lëtzebuergesch geäntwert, well "d'Stänn an de Public sollten alles genee verstoen". Dat waren déi éischt Wierder Lëtzebuergesch, déi an der Chamber geschwat goufen. — Ze bemierke bleift, datt den Nicolas Spanier an den Henri Greisch an der Chambersëtzung vum 12. Oktober 1848 och “im vaterländischen Dialekte”, also Lëtzebuergesch, geschwat hunn.
Wéi um Schoulgesetz vun 1912 geschafft gouf huet de Spoo gefuerdert, datt d'Lëtzebuergescht soll Flichtfach an de Primärschoule ginn, wat dunn och geschouch. De Staatsminister Paul Eyschen huet dat ënnerstëtzt an den Nik Welter krut den offiziellen Optrag d'Schoulbuch Das Luxemburgische und sein Schrifttum ze schreiwen.
Ausserdeem huet den C.M. Spoo ë. a. iwwer de Michel Lentz an den Dicks divers Artikelen an Ons Hémecht an an der Natio'n verëffentlecht an huet sech op Konferenzen doruechter am Land mat dofir agesat, dem Michel Rodange säi Renert, dee bis dohi sou gutt wéi vergiess war, engem breede Publikum bekannt ze maachen.
Commons: Caspar Mathias Spoo – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Caspar Mathias Spoo, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.